Echangeur Diddeleng/BierengAm Mee geet déi éischt vun 3 Spueren am neie Rond-point op
Zanter Mëtt 2016 lafen d’Aarbechte vum neie Rond-Point beim Echangeur Diddeleng/Bireng, respektiv op der N31 tëscht Diddeleng a Beetebuerg.
Hei entsteet den zweetgréisste Rond-point aus dem Land. Am Mee wäert déi éischt vun am Ganzen 3 Spuere fir den Trafic opgoen. Enn 2020, Ufank 2021 sollen d’Aarbechten da komplett ofgeschloss sinn. De Rond-point besteet spéider aus 4 Brécken, 6 Sortien, 3 Spueren an en huet en Duerchmiesser vun 135 Meter.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.