"D'Strooss ass keng Rennstreck"
Sécherheetscampagne vum Mobilitéitsministère

© Police Lëtzebuerg
De Moment leeft zanter 3 Deeg déi aktuell Sécherheetscampagne vum Mobilitéitsministère.
An deem Kader gouf e Mëttwoch eng gréisser Kontroll zu Dikrech an der Ettelbrécker Strooss mat 16 Beamte vun Douane a Police gemaach.
Et gouf virun allem gekuckt, datt d'Motorrieder an der Rei waren, och d'Pabeiere goufe kontrolléiert. A 25 Fäll war awer net alles ok. 2 Mol gouf ee Protokoll geschriwwen.

© Police Lëtzebuerg
RTL-Artikel: Aktiounsplang fir Motosfuerer - Et wëll een der Police an Zukunft aner Moyene ginn
Am meeschte gelies