Et géif kee Sënn maachen elo mat Aarbechten unzefänken, wann déi komplett Autorisatiounsprozedur riskéiert, viru Geriicht annuléiert ze ginn.

Den Dossier vum geplangte Käerjenger Contournement suergt wieder fir Rumouers.  An engem gemeinsame Communiqué vun der Bierger-Initiativ vun der Gemeng Suessem an dem Mouvement écologique régionale sud gëtt gefuerdert, dass sämtlech Aarbechten op Äis geluecht ginn, bis déi ganz Autorisatiounsprozedur Mol duerch ass. Et wier nämlech nach guer net fix, dass d’Geriichter de Projet net awer nach kippen.

Geplangt wier nämlech aktuell, dass am éischten Hallefjoer 2026 mat den Aarbechten um éischten Tracet ugefaange gëtt. Eng nei Wëldbréck wier am Kader vun de Kompensatiounsmesurë schonn an der Konstruktioun.