Et wëll een der Police an Zukunft aner Moyene ginn

Bei Verkéiersaccidenter hunn zejoert hei am Land 36 Leit hiert Liewen gelooss, dorënner 9 Motocyclisten.
D'Zil wier et, an Zukunft d'Zuel vun de Doudegen a Schwéierblesséierten op de Stroossen erofzedrécken, esou den Transportminister François Bausch. Dowéinst huet den zoustännege Minister en neien Aktiounsplang fir Motocyclisten presentéiert. D'Zil ass et eben an Zukunft mat neie Mesuren géint ze séiert Fueren vu Motosfuerer virzegoen.
Eng vun de Mesuren ass dee spezielle Marquage fir Motorriederop der N25 tëscht Wolz an der Kautebaach, grad ewéi um CR342 tëscht der N7 a Rouderssen. Dëse soll hëllefen, de Motosfuerer a Kéiere méi een Ofstand zur Mëttellinn ze halen. Donieft, wäert d'Police an Zukunft méi Kontrolle maachen. Et wéilt een der Police awer nach aner Moyene ginn, betount den Transportminister François Bausch.
An eisen Nopeschlänner fiert d'Police mat banaliséierte Motorrieder mat Kameraen dran. Dofir muss d'Gesetz awer geännert ginn, datt eng Persoun gepëtzt ka ginn, ouni datt si weess, datt e Polizist hannert engem ass.
Et wéilt een, dat sech d'Motosfuerer net sëlwer oder anerer a Gefor bréngen, esou de François Bausch weider. D'Police wäert dann och mat 12 neie Radaren equipéiert ginn. Vum 8. Abrëll u lancéiert den zoustännege Ministère eng Sensibiliséierungscampagne. D'Campagne ass op d'Vitesse an d'Risiken an de Kéieren ausgeriicht, ënnersträicht den Transportminister.
Déi Marquage sinn dorobber opgebaut, wéi ee soll fueren an de Kéieren, fir net vun engem Auto erfaasst ze ginn. D'Campagne ass dann dorobber opgebaut, fir de Message ze ginn: "Kommt heihinner, fuert hei, mä passt op, hannert all Kéier kann den Doud laueren. Strooss ass net do fir ze spillen, et ass keng Rennstreck. Fuert mat ugepasster Vitess."
Och déi geféierlech Plaze wéilt een an Zukunft besser ofsécheren. Ënnert anerem mat Hëllef vu Glissièren. Eng weider Mesure ass d'Formatioun vun de Motocyclisten auszebauen. Nach eng Kéier de François Bausch.
Do wou déi Motorradsfuerer hir Ausbildung kréien, do ass de Marquage och agebaut ginn an déi Formatioun. Et kommen awer nach ganz aner Elementer, well mir wëllen d'Formatioun ausbauen. Och déi "Fit for your bike"-Deeg sollen ausgebaut ginn, mat nach anere Formullen. Domadder wëll een de Motorradsfuerer fit maachen, datt hien och weess, wéi hie sech op sengem Motorrad verhält.
An Zukunft wënscht een sech dann och e positive Bilan wat d'Sécherheet vun de Motorradsfuerer ugeet, esou nach den Infrastrukturminister François Bausch.

© MMTP
Méi Sécherheet - Spezielle Marquage fir Motorrieder
Virun kuerzem gouf um CR342 tëscht der N7 a Rouderssen e spezielle Marquage fir d’Motorrieder gezeechent.
Dëse Marquage soll de Motocyclisten hëllefen, an de Kéieren een Ofstand zur Mëttellinn ze halen. Et wéilt een domadder eng propper Trajectoire schafen.
RTL-Artikel: Méi Sécherheet - Spezielle Marquage fir Motorrieder
Schreiwes vum Ministère
François Bausch présente un plan d'action «Moto» et la nouvelle campagne de sensibilisation «D'Strooss ass keng Rennstreck» (05.04.2019)
Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics En date du 5 avril 2019, François Bausch, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, en collaboration avec la Sécurité routière ASBL, l'Administration des ponts et chaussées et la Police Lëtzebuerg, a présenté la nouvelle campagne de sensibilisation contre l'insécurité routière des motocyclistes «D'Strooss ass keng Rennstreck».
En effet, même si les accidents de la route connaissent une évolution positive depuis quelques années, les motocyclistes, surtout en provenance des pays limitrophes, représentent un pourcentage élevé du nombre total des victimes de la route. C'est pourquoi un groupe de travail «motocyclistes» constitué d'acteurs de la sécurité routière et de plusieurs associations de motocyclistes, s'est penché sur la question en vue d'élaborer un plan d'action «Moto» comprenant aujourd'hui 13 mesures de sécurisation.
La principale mesure est combattre l'excès de vitesse. En effet, lors d'un contrôle radar chantier entre le 22 juin et le 10 juillet 2018, presque la moitié des 443 infractions ont été commises par des motocyclistes. C'est pourquoi la police effectuera des contrôles plus systématiques de vitesse, de papiers et d'état des véhicules surtout pendant les weekends ensoleillés au Nord du pays.
D'autres mesures importantes sont la sécurisation de zones dangereuses par glissières, l'introduction d'une 4e journée «Fit for your bike» en début de saison au Centre de formation pour conducteurs à Colmar-Berg et, finalement, au vu du nombre important de motocyclistes étrangers, le renforcement de la présence sur les médias sociaux afin d'établir une relation avec les motocyclistes étrangers.
L'objectif de la nouvelle campagne est de sensibiliser les motocyclistes résidents sur le danger de mort en cas de vitesse excessive, mais aussi de prévenir les motocyclistes étrangers que «nos routes sont belles, mais dangereuses» et qu'un comportement non adapté aux circonstances peut être fatal.
La campagne qui est affichée entre le 8 avril et le 15 mai 2019, est véhiculée par des annonces presse, des spots tv/cinéma, 45 panneaux routiers sur réseau national, 340 panneaux publicitaires, de l'affichage «full back» sur 20 autobus du réseau RGTR, de l'affichage sur les écrans tram et bus RGTR, 50 affiches abri-tram, sur divers sites internet et dans les médias sociaux.