BYD Seal 6 DM-i
























































































Nach ginn d'Modeller vu BYD a China produzéiert, ma geschwë och an Ungarn, esou zum Beispill den éischten Touring-Modell.
BYD, made in China hätte mir elo fir iech. Mee net e weideren elektreschen SUV, neen déi Kéier e Plug-In Hybrid als Kombi oder Break, wéi d’Fransouse gäre soen. Also ganz klassesch oder awer méi? De Christian Schmit war op der Presentatioun vum neie BYD Seal 6 DM-i mat dobäi.
An dee wëll eben net Kombi oder Break sinn, mee Touring. Kléngt och gläich besser.
Eng nobäi 4m84 laang Karosserie steet vrun engem, a vun der Designlinn hir net besonnesch spannend, reit sech éischter onopfälleg an den Alldagsverkéier an. De Seal 6 wär awer och wéi di aner Modeller "Ocean inspired" fléissend gestylt aus der Fieder vum bekannten däitschen Designer Wolfgang Egger. Et ass deen éischten "Touring" vun BYD an deem Segment. Parallel gëtt och eng 5-diereg Limousin lancéiert, déi mir awer net fuere konnten.
© Christian Schmit
Wat leeft dann ënnert dem Capot esou?
Jo do huet ee sech fir den DM "Dual Modus" entscheet. Also Verbrenner an E-Power am Duo, woubäi awer esou ausgeluecht, dass een e Maximum elektresch kann ënnerwee sinn. Bon op eisem Testparcours ronderëm Wavre an der Belsch ass dat och gelongen. E 1500er Moteur mat 156kw Systemleeschtung, a jee no Versioun, Boost oder Confort, sinn et 10 oder 19 kw/h an der Batterie.
© Christian Schmit
Esou sinn dann ëm di 100km reng elektresch dran, a bal 1.500km Autonomie en total, laut WLTP Norm. Esou wëll e mat de Plug-In Versiounen d'Diesel-Fraktioun fir sech gewannen, an och déi, di nach bei Elektroautoen zécken. Geluede ka just mat maximum 26kW DC Leeschtung.
An dee BYD Seal 6 ass och am Interieur um neiste Stand?
Jo duerchaus, zwee Ecranen sprangen an d’A, Sëtzer si confortabel, an duerch e laange Radstand wëll een och an der zweeter Rei matfueren. An d’Mall passen iwwer 1.500 Liter, wat jo fir di meescht Ausflich passe misst.
© Christian Schmit
Lästeg dass e permanent mat „Be concentrated“ zurecht gewise gëtt wann de Bléck och nëmme e puer Sekonne vun der Strooss wäicht. Soss kënnt een awer séier mam BYD zuwee. Net alles muss iwwer den Ecran ofgeruff ginn. Fir di wichteg Funktioune bleift et bei Knäppercher an Hiewelen. Op richteg ruppegem wallounesche Pavé konnt e feststellen, dass d’Veraarbechtung gelongen ass.
© Christian Schmit
Wat kascht dann deen Touring vu BYD?
Jo do gouf dach zimmlech schaarf kalkuléiert. Bei eis zu Lëtzebuerg geet et bei 37.000 Euro lass. Top-Versioune mat der grousser Batterie am Plug-In Hybrid dann iwwer 42.000 Euro. Bon, fir en Auto an där Kategorie pas mal. En ass schonn am Showroom ukomm, also kann ee sech selwer dovunner iwwerzeegen a schonn eng Ronn dréinen.
Erstaunlech mat wéi enger Vitess de chineesesche Konstrukteur nei Modeller lancéiert. Elo dann och en éischte Kombi, pardon Touring! An iwwregens ass deen och elo geschwë "made in Europe" a leeft an Ungarn vum Band.
© Christian Schmit