Hyundai Ioniq 9












































Een Auto fir eng "Famille Nombreuse". Esou kann een den Hyundai Ioniq 9 ëmschreiwen.
Deen hat eis Automag-Ekipp viru kuerzem am Test. De Rich Simon ass de Südkoreaner gefuer. Et ass ee richteg laange Schlitt...
Iwwer 5 Meter laang, bal 2 Meter breet a ronn 1.80 Meter héich. Dat ass also definitiv ee fette Schlitt. Eng Gréisst, respektiv ee Volummen, deen een éischter vun amerikanesche Modeller hir kennt. Wann ee mam Auto ënnerwee ass, dat gëtt een ëmmer nees op déi imposant Erscheinung ugeschwat. Du fäls ganz einfach mat där Maschinn op. Déi eng oder aner Kéier hunn ech mech gefrot, op d'Leit sech net d'Fro stellen, wéi vill Kanner ech soll hunn. Well et ass definitiv eng Familljekutsch.
© Rich Simon
A sech brauch ech d'Fro net ze stellen, ob een da genuch Plaz an dem Auto huet...
An awer ass se berechtegt! Et ginn nämlech Autoen, déi zwar grouss wierken, um Enn awer net déi Plaz-Offer ubidden, déi ee sech virstellt. Beim Ioniq 9 ass dat net de Fall. Alles ass optimal ubruecht. Et huet een net d'Gefill, datt ee sech iergendwéi ageengt fillt. Dacks ass et de Fall, datt d'Kappfräiheet op der hënneschter Bänk op Käschte vun der Beefräiheet geet, oder ëmgedréit. Beim Hyundai huet ee vun allem masseg. An dat och fir déi 3 Leit op der hënneschter Bänk. Den Ioniq ass awer een Auto dee 7 Plazen ubitt. An och op deenen zwee hënneschte Sëtzer huet een nach anstänneg Plaz, obwuel ee kengem et kann zoumudden, fir 1.000 Kilometer an der Mall ze setzen. Souvill Plaz ass dann awer net.
© Rich Simon
Passen dann och nach e puer Wallissen dran?
Och hei ee ganz kloren Jo! Wann den Auto op 7 Plazen ausgeluecht ass, huet een ëmmerhin nach 620 Liter. Wann een den Normalfall, also 5 Plazen hëlt, da geet d'Kapazitéit op 1.323 Liter erop. Do ass ee praktesch ouni Konkurrenz.




Wann een awer net alles an d'Mall kritt, da kann een och nach een Unhänger nozéien an dat bis zu engem Gewiicht vun 2,5 Tonnen. Dat ass schonns eng Uso fir aner Elektro-Autoen.
Wéi verhält den Hyundai Ioniq 9 sech op der Strooss?
Den Auto weit bal 2,6 Tonnen. Dat ass net näischt. Beim "normale" fueren ass den Handling gutt. Wann een allerdéngs eng Kéier bësse méi sprëtzeg ënnerwee ass, da fillt den Auto sech dach e bësse schwabbeleg un. Den Ioniq 9 ass awer keen Auto fir Ronnerekorder ze briechen, mee fir Richtung Vakanz ze cruisen.
Komm mir schwätzen och nach bëssen iwwer den Design...
Bannen ass den Auto a mengen Aen komplett gelongen. Alles ass iwwersiichtlech ubruecht. Déi Funktiounen, déi ee reegelméisseg brauch, sinn iwwer Tasten ze aktivéieren an net iwwer een Enner-Menü, op engem iwwerdimensionalen Touchscreen.
© Rich Simon
De Look vum Auto, global gesinn, muss een a ee viischten an den hënneschten Deel deelen. Vir straalt den Ioniq 9 schonns eng gewësse sportlech Dynamik aus. Hannert de C-Sail ass et dann awer eriwwer. Hei schéngen Designer an een Déifschlof gefall ze sinn. Et huet een d'Gefill, wéi wann de kreative Käpp d'Iddien ausgaange wieren. Den hënneschten Deel ass einfach nëmme langweileg an Oldschool. Jiddwerfalls a mengen Aen.
© Rich Simon
Wéi gesäit et mam Verbrauch a mat de Präisser aus?
Ech sinn eng 500 Kilometer mam Auto gefuer an de Verbrauch louch bei 21,2 kWh. Dat ass fir esou ee Schlitt ganz gutt. Ech sinn allerdéngs net iwwer d'Autobunn domadder gefuer. Do dierft de Verbrauch dann awer erop goen. Déi reell Autonomie vum Ioniq 9 läit bei 540 Kilometer. Den Akku huet 110 kWh wat extrem vill ass, bei enger Leeschtung vun minimal 218 a maximal 428 Päerd. Et ka mat bis zu 800 Volt geluede ginn. A 24 Minutten ass den Akku dann nees vun 10 op 80 Prozent.
Den Ioniq 9 mat 2 Rad Undriff kritt ee vu 66.651 Euro un. Fir 4 Rad Undriff muss ee minimum 78.804 Euro op den Dësch leeën.
© Rich Simon