Am Joer 2019 goufen esou vill nei Autoen hei am Land ugemellt, wéi nach ni virdrun. Dat schreift d’Wort a berifft sech op Chiffere vum Statec.

Zejoert krute ronn 55'000 Autoe bei der SNCA eng nei gro, respektiv giel Kaart, woubäi méi kommerziell Ween ugemellt goufen ewéi privater. Bei der Elektromobilitéit weisen d'Zuelen zwar no uewen, de Konsument deet sech awer weiderhi schwéier.

Nei Immatrikulatiounen / Reportage Pit Everling
RTL

1,8% vun de Ween, déi zejoert nei ugemellt goufen, fuere reng elektresch, ëmmerhi waren et der ronn duebel esouvill ewéi virzejoert.
Déi verschidden Hybrid-Offere koumen do scho besser un. Bei 5,7 % vun den Immatrikulatiounen huet et sech ëm e Gefier gehandelt, wat esou wuel mat Stroum ewéi mat Sprit fiert.

Déi fossil bedriwwen Autoe behale mat iwwer 90% kloer d'Iwwerhand, woubäi den Diesel weider un Terrain verléiert, mat elo nach knapp 42%.

Bensinner maache méi ewéi d'Hallschent vun den Nei-Umeldungen aus. Déi Chiffere si mer bei der Autosfederatioun FEDAMO gewuer ginn.

Nei Autoe goufen der 2019 iwwregens duebel esou vill ugemellt ewéi nach Mëtt den 80er Joren. Bal 2/3 vun den Autoe goufen op Societéiten immatrikuléiert.

Déi meescht Umeldunge gouf et tëscht Februar a Juli, do dierft den Autosfestival seng Roll gespillt hunn. Am mannsten Undrang gouf et bei der Société nationale de circulation automobile an de Méint September an Dezember.

Wa bei d'Autoen nach d'Busser, d'Camionnetten, d'Camionen, d'Trakteren an aner Gefierer derbäi gerechent ginn, da klëmmt den Total vun den Nei-Umeldunge souguer op 62'000. Vill vun deene Ween ginn iwwregens bannent den éischte Méint nees exportéiert.

Occasiounsgefierer goufen der zejoert 50'000 verkaaft an ugemellt. D'Importer ginn awer hei net consideréiert.
D'Ofmeldungen awer, där goufen et am Ganze bal 100'000.

Am Total sinn zu Lëtzebuerg iwwregens eppes iwwer 400'000 Gefierer ugemellt.

RTL

Bei den neien Autoe war zejoert iwwregens d'Mark Volkswagen am beléiftsten, mat 6643 Umeldungen.
Duerno komme Mercedes, BMW, Renault, Audi, Peugeot, Skoda a Volvo.

Bei de Camionen hat Mercedes d'Nues vir, bei de Bussen d'Daimler-Mark Setra.

D'Zuele komme vum Statec, beruff gëtt sech op d'Société nationale du contrôle technique.

Autoe vu wéi enge Marke goufen 2019 nei ugemellt? (Source: SNCT)

VOLKSWAGEN6643
MERCEDES5058
BMW4856
RENAULT3895
AUDI3810
PEUGEOT3332
SKODA2431
VOLVO2114
CITROEN1697
FIAT1624
FORD (D)1574
HYUNDAI1524
OPEL1520
SEAT1439
TOYOTA982
NISSAN917
PORSCHE911
MINI875
FORD862
DACIA813
LAND ROVER799
KIA768
MAZDA695
JEEP683
JAGUAR588
SUZUKI516
DS470
TESLA461
ALFA ROMEO409
HONDA280
SMART219
LEXUS136
MITSUBISHI121
MASERATI78
SUBARU75
FERRARI72
FORD (USA)69
non défini68
ALPINE66
CHEVROLET65
JAGUAR LAND ROVER62
LAMBORGHINI61
MERCEDES-AMG61
SSANGYONG54
ASTON MARTIN36
BENTLEY31
HYUNDAI MOTOR CZECH 24
CADILLAC20
VOLKSWAGEN AG20
BORGWARD19
OPEL AUTOMOBILE GMBH18
LOTUS18
INFINITI15
HONDA MOTOR CO LTD15
ALPINA15
FORD-CNG-TECHNIK12
MAXUS12
MG11
LADA10
MC LAREN9
MORGAN7
DODGE5
ROLLS ROYCE4
MERCEDES-AMG GMBH4
MAN3
AUDI AG3
SSANGYONG MOTOR COMPANY2
TRIPOD1
ROLLS-ROYCE MOTORS CARS L1
CHONGQING CHANGAN1
  
Total54069

Bei de Camionnetten huet Renault ganz kloer d'Nues vir, mat 1'109 neien Immatrikulatiounen. Hannendru komme Peugeot (680), Volkswagen (602) a Fiat (591).

RENAULT1109
PEUGEOT680
VOLKSWAGEN602
FIAT591
FORD (D)439
CITROEN391
MERCEDES381
OPEL226
FORD131
NISSAN130
DACIA63
IVECO47
MAN34
TOYOTA23
MAXUS21
ISUZU21
VOLVO14
DAF13
non défini11
PIAGGIO9
BLOOMFIELDS9
HYUNDAI8
MITSUBISHI7
SPIER6
SCANIA5
F.X. MEILLER4
GOUPIL4
DODGE4
FORD (USA)4
FUSO3
EDER3
ARCTIC TRUCKS2
ROELOFSEN2
STREETSCOOTER2
DANGEL1
SSANGYONG1
EQUI-TREK1
RENAULT MOD JPM1
KERSTNER1
CHEVROLET1
  
Total5005