Een exemplareschen Aarbechtswee a verschidde Moyenen, fir deen zréckzeleeën. Dat ass d’Iddi hannert dem RTL-Trafic-Test.

13 Kilometer: Dat ass d’Distanz, déi den duerchschnëttleche Lëtzebuerger, deen och hei am Land wunnt, vun doheem bis op seng Aarbecht zréckleet. Mat enger Duerchschnëttsgeschwëndegkeet vun 22 Kilometer an der Stonn brauch en dofir 34 Minutten. Esouwäit d’Statistik (Source: Luxmobil 2017).

Ouni wëlle representativ ze sinn, maache mer am Trafic-Test eng exemplaresch Bestandsopnam: 1 konkreten Aarbechtswee a verschidden Alternativen, fir deen zréckzeleeën.

Eis Journaliste maachen den Test, wat am séierste geet: D’Autobunn, d’Schläichweeër oder den ëffentlechen Transport?

Fir eisen Test hu mer eis ewéi schonn 2018 d’Streck Esch-Luxexpo ausgesicht. Dës Streck eegent sech fir den Test besonnesch, well an der Theorie all Transportmëttel d’Chance huet, als éischt unzekommen. Ugetruede sinn: D’Marie Gales, wat mam Auto dee Wee gefuer ass, deen den Navi him am Trafic als Séiersten ugewisen huet, d’Anouk Siebenaler mam ëffentlechen Transport, d’Deborah Ceccacci, wat mam Auto just Schläichweeër gefuer ass an de Pierre Weimerskirch, deen déi nämmlecht Schläichweeër mam Vëlo gefuer ass.

Depart war Mëttwochs de 15. Oktober um 7 Auer op der Escher Gemengeplaz.