TeslaElon Musk annoncéiert Produktiounsufank vum "Robotaxi"

AFP, iwwersat vun RTL
D'Masseproduktioun hat den Elon Musk nach virun zwee Joer fir 2027 annoncéiert. Domadder ass Tesla elo dëser Visioun e bësse viraus.
Elon Musk annoncéiert Start vun der Produktioun vum "Cybercab"
D'Masseproduktioun hat den Elon Musk nach virun zwee Joer fir 2027 annoncéiert, domadder ass Tesla elo dëser Visioun e bësse viraus.

Wéi de CEO vum Autosproduzent Tesla Elon Musk matdeelt, huet seng Firma den autonomen Auto "Robotaxi" - och Cybercab genannt - ugefaangen ze bauen. D'Annonce koum e Freideg, kuerz nodeem Tesla matgedeelt hat, datt een am éischte Quartal vum Joer e méi grousse Profit gemaach huet, wéi een erwaart hat.

Videoclips iwwer Cybercabs online

An engem kuerze Video op der Plattform X, déi och dem Musk gehéiert, huet dësen annoncéiert, datt "d'Produktioun vum Cybercab ugefaangen huet".

Am Videoclip vun 38 Sekonne gesäit ee gréisstendeels de Cybercab, deen ouni Chauffer duerch d'Fabrik bis op d'Strooss fiert. An engem weidere Video gesäit ee gréisstendeels gëlle Cybercabs, déi wéi a Formatioun iwwer d'Stroosse fueren.

E Mëttwoch huet Tesla matgedeelt, datt ee mat der Produktioun vum Cybercab, wéi och vum Tesla Semi, an dësem Joer nach kéint ufänken. Am éischte Quartal huet d'Firma e Benefice vu 477 Milliounen US-Dollar gemaach.

Cybercab: Autonomen Auto ouni Steierrad oder Pedallen

Cybercab ass e Robotaxi, deen ouni Steierrad oder Pedalle gebaut gëtt a vum selwe fiert. Den Elon Musk hat de Projet eng éischte Kéier 2024 annoncéiert an deemools geschat, datt de Won fir 2027 kéint ze kréie sinn. Tesla hat am Juni 2025 domadder ugefaangen, d'Déngschter vum Robotaxi fir "Early-Access"-User unzebidden. Dat awer just op Invitatioun an der US-Stad Austin.

Den Hiersteller hat am Februar Fotoe gepost, wou ee Mataarbechter aus dem Wierk an Texas gesinn huet, wéi si ronderëm e Cybercab stoungen. Driwwer stoung "Éischte Cybercab aus der Produktiounslinn zu Giga Texas".

Back to Top
CIM LOGO