Vun e Samschdeg 17 Auer bis e Méindeg 5 AuerA4 an Direktioun Stad tëscht dem Echangeur Lalleng an der Jonctioun Esch gespaart

RTL Lëtzebuerg
Wien de Weekend iwwer aus dem Süden an d'Stad fiert, muss e bëssen Zäit fir en Ëmwee mat aplangen.
De Plang vum Chantier a vun der Deviatioun
De Plang vum Chantier a vun der Deviatioun
© Ponts et Chaussées

Tëscht e Samschdegowend 17 Auer an e Méindegmoie 5 Auer wäerte Ponts et Chaussées tëscht dem Echangeur Lalleng an der Jonctioun Esch d'Couche vun der Fuerbunn erneieren. D'Autobunn wäert deementspriechend op dëser Plaz gespaart sinn. D'Deviatioun geet hei iwwert den CR170A, den CR170, den CR168, den CR169 an den Echangeur Schëffleng.

D'Virbereedungsaarbechte vum Chantier fänken e puer Stonne virum Ufank vun den Aarbechten un. Deemno muss ee vun e Samschdegnomëtteg u mat Perturbatiounen am Trafic rechnen.

Back to Top
CIM LOGO