E Mëttwoch tëscht 12 an 13 Auer konnt Dir live op Radio Lëtzebuerg oder scho virdru via Repondeur, SMS, Facebook oder RTL.lu eis Är Meenung soen.

Dir hutt d'Wuert vum 22. Januar

An eiser Emissioun Dir hutt d'Wuert hat Dir tëscht 12 an 13 Auer d'Occasioun, fir iwwert déi nei Undriwws-Technologien ze diskutéieren. Sidd Dir prett fir ëmzeklammen? Wou hutt Dir vläicht nach Bedenken?

An der éischter Halbzeit war et virun allem d'Suerg bei villen Nolauschterer, op déi elektresch Mobilitéit effektiv esou propper ass, ewéi se et versprécht ze sinn. Wou soll de Stroum hierkommen? Wat geschitt mat de Batterien? An ass den Auto och effektiv sécher am Fall vun engem Accident?

D'Kritik vu villen Nolauschterer ass, datt déi nei Mobilitéit iwwert de Knéi gebrach gëtt. Et wieren nach net genuch Bornen do. D'Technologie net wäit genuch, fir genuch Kilometer ze maachen. An de Präis wier bei wäitem nach net kompetitiv.

Ma et goufen och gutt Erfarunge gedeelt, vu Leit, déi net méi ouni hiren Elektresche wéilte fueren.

D'Meenunge goungen queesch duerch de Gaart vu Begeeschter, iwwer Waasserstoff als besser Alternativ bis hin zum Zweiwel vun der Hierstellung vun de Batterien. Vill Leit sinn awer och einfach just genervt vum Thema.

Resumé vum Dir hutt Wuert