Museker am ëffentlechen Transport, grousse Concert am "Neien Tramsschapp"

Fir de gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ze feieren, ginn den 29. Februar verschidde Concerten an Tram, Bus a Bunn organiséiert.
Highlight ass den e grousse Concert op zwou Bünen am neien Tramsschapp um Kierchbierg. Mat dobäi sinn Serge Tonnar, Michel Reis, Edsun, Nicool, Stayfou, Tuys an DJen.

Vum 1. Mäerz un ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis. Den Transportministère organiséiert zesumme mat allen Acteuren den 29. Februar e grousst Fest a Form vu Mini-Concerten am Tram, Zich a Bus daagsiwwer an owes am Neien Tramsschapp um Serra e grousse Concert mat 2 Bünen mam Serge Tonnar, Michel Reis, Edsun, Nicool, Stayfou, Tuys an DJ’s… den Entrée owes ass gratis. Foodtrucks a Bars asw, alles do.”
De ganzen Dag iwwer sinn dann och Bünen op de Gare vu Belval-Université, der Gare centrale, dem Paffendall an zu Clierf. Hei gesäit een, wéi Owes um grousse Concert oder am ëffentlechen Transport, divers Lëtzebuerger Kënschtler an Talenter.
D'Concerten, wéi och den ëffentlechen Transport selwer, sinn den 29. Februar fir jidderee gratis.
LINK: D'Homepage vun #freemobility
D'Kolleege vun RTL Today hate schonn zwou Bands virgestallt
LISER mécht Ëmfro iwwer ëffentlechen Transport
Am Kader vun der Ëmstellung op de gratis ëffentlechen Transport huet de LISER e Froekatalog op d'Bee gestallt, fir erauszefannen, wéi zefridden d'Leit mam ëffentlechen Transport sinn a wat hir Prioritéite sinn.