Op der N15 tëschent Heischent an Nidderfeelen gouf e mobile Radar installéiert

© Domingos Oliveira
Uganks September koum et op dëser Plaz zu engem vun den déidlechste Verkéiersaccidenter an der Geschicht vu Lëtzebuerg.
Fënnef Persoune waren dobäi ëm d'Liewe komm. E Mëttwoch gouf vun der Police op där Plaz e mobile Radar opgestallt, wéi laang deen do stoe soll, konnt een eis op Nofro hi fir den Ament nach net matdeelen.
Wat d'Opstelle vun engem fixe Streckeradar op deem Deel vun der N15 ugeet, hat de Mobilitéitsministère Mëtt September jo betount, et géif een eng Installatioun préiwen. Leschte Freideg gouf et du weider Prezisioune vun der zoustänneger Ministesch Yuriko Backes an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement. Hei heescht et:
"Ee méigleche Streckeradar op dem Streckendeel vun der N15 gouf dann och wärend der Sëtzung vum Aarbechtsgrupp “Audits de sécurité” den 30. September 2025 beschwat. Ech erënnere drun, dass méiglech Site fir d’Implantatioun vun engem Radar ënnert de Gesiichtspunkten Unzuel vun Accidenter, Eescht vun deenen Accidenter (Schwéierblesséierter, Doudeger) an den gefuerene Vitessen decidéiert ginn. Ënnert Betruechten vun deenen ugefouerte Aspekter, gouf den Aarbechtsgrupp sech eens, dass d’Opstellen vun engem Streckeradar tëschent Feelen an der Fuussekaul berechtegt ass."