E Bléck an d'Produktiounshal, wou déi nei CFL-Zich gebaut ginn
D'CFL maachen e grousse Schrëtt an d'Zukunft: Bis Enn 2026 wäerten am Ganzen eng 34 nei Zich zu Lëtzebuerg ënnerwee sinn.
Gebaut gi se vun der franséischer Firma Alstom op hirem Produktiounssite a Spuenien. Déi modern Coradia-Zich kënne bis zu 1.026 Passagéier gläichzäiteg transportéieren a sinn technologesch um neiste Stand. Zanter engem Joer kritt d’CFL déi nei Maschinnen no an no geliwwert, a bal d’Hallschent dovun ass schonn am Grand-Duché ukomm. De Kontrakt gouf schonn am Dezember 2018 ënnerschriwwen, bis datt déi 34 Zich awer zu Lëtzebuerg ukommen, musse puer Joer vergoen. Zanter engem Joer ass et awer konkret ginn, den éischte Coradia 2400 Zuch gouf am September 2024 ageweit.
Béi dëser Commande goufen zwee verschidden Zich bestallt. 22 mol de Coradia 2400, dat ass den Zuch mat dräi Waggonen (334 Sëtzplazen) an 12 Automotricë vum Typ 2450 – dat ass en Zuch mat sechs Waggonen (692 Sëtzplazen). De grousse Virdeel: D’Zich kënne flexibel kombinéiert ginn. Zwee kleng Zich kënne ganz einfach zesummegesat ginn an erginn esou ee grousse mat sechs Waggonen – esou kënnen d’CFL op d’Nofro op de verschiddene Strecken am Land reagéieren.
Produzéiert a Spuenien
Gebaut ginn d’Zich am Alstom-Wierk zu Santa Perpétua de Mogoda, eng hallef Stonn vu Barcelona ewech. Hei schaffe ronn 900 Leit, déi ënner anerem och Trammen a Metroe fir Stied wéi Frankfurt oder Köln an och fir Stied a Südamerika oder Singapur produzéieren.
Mëttlerweil ass d’Ekipp a Spuenien arodéiert a weess genee wat d’Lëtzebuerger gären hätten, all Mount kënnt dofir och aktuell een neien Zuch aus Spuenien zu Lëtzebuerg un. Vum Wierk aus ginn d’Zich iwwer 20 Kilometer mat Camionen transportéiert, ier se op d'Schinne gesat an op Lëtzebuerg gezu ginn. Hei ginn dann um nationale Schinnennetz déi lescht Tester gemaach – ënner anerem d’Bremsen, d'Sécherheetssystemer an den Informatiounsaustausch gi getest.
Aktuell si just där kleng Zich am Land ënnerwee a fueren och schonn op verschiddene Strecken. Den éischte Coradia 2450, also de Modell mat sechs Waggonen, ass fir Enn 2025 geplangt.
Héichwäerteg a komfortabel
Déi nei CFL-Zich zielen zu enger héichwäerteger Gamme, déi de Passagéier méi Confort a Sécherheet bidden. Wifi gëtt et an all Zuch, USB an USB-C Uschlëss sinn och Standard, en héichmoderne Klimatisatiounssystem an e System deen d’Passagéier genee zielt, si verbaut. Dernieft ass quasi all Eck am Zuch mat Kameraen equipéiert, wat de Passagéier an dem CFL-Personal eng zousätzlech Sécherheet gëtt.
Mataarbechter aus Lëtzebuerg si reegelméisseg a Spuenien, fir d’Produktioun ze suivéieren a fir och eege Qualitéitskontrollen ze maachen. Dofir huet een dann och eng Checklëscht an all eenzele Punkt muss validéiert sinn, iert den Zuch an de Grand-Duché transportéiert gëtt. Well ass den Zuch bis zu Lëtzebuerg ukomm, muss ee virufuere mat Problemer léisen an dofir ass et einfach wichteg, all Feeler dee schonn a Spuenien opfält, do ze léisen. Dat kënnen awer och banal Schéinheetsfeeler sinn, déi ee behiewe wëll. Och wann d‘Zich aus Spuenien zu Lëtzebuerg ukomm sinn, huet dat uganks net direkt geheescht, datt Passagéier konnten transportéiert ginn. Et goufen Tester zu den ënnerschiddlechsten Auerzäiten an op ville verschiddene Strecke gemaach. Nieft den Tester hunn och d‘Lokomotivfürer vun den CFL misste forméiert ginn. Alles dat huet ee Joer gedauert.
An deenen neien Zich verbaut ass och eng sougenannten ATO Hardware (automatic train operation). Nach ass se net am Asaz, mee 2028 wéilt een, datt all d’Coradia-Zich mat dësem System fueren. Dëst ass eng Optioun, déi d‘CFL kaaft hunn, sou ass en zum Deel autonoomt Fuere méiglech, natierlech ëmmer mat engem Lokomotivfürer, deen d‘Knäppercher dréckt. Et géing awer beispillsweis en automatescht Bremsen, wann den Zuch an de Quai erafiert, mat sech bréngen.
D’Produktioun vun engem Zuch mat dräi Waggonen dauert dräi bis véier Méint an ëmfaasst siwe wichteg Etappen – vun de Schweessaarbechten iwwer de Montage vun der Struktur, den Atelier wou den Zuch ugestrach gëtt oder generell d’Tester.
Eng Investitioun an d’Mobilitéit vun der Zukunft
400 Milliounen Euro, dat ass den historesch gréissten Invest a Rullmaterial vun den CFL. Mat deene 34 neie Coradia-Zich wäert d’CFL d’Kapazitéit vu Persounen, déi ee kann transportéieren ëm 46 Prozent erhéijen. Dat bedeit méi Plaz, méi Flexibilitéit an eng modern Zuchflott, déi dem Wuesstem gerecht gëtt. D’Zuele vu Passagéier klammen nämlech Joer fir Joer, eleng 2024 waren et 32,3 Millioune Passagéier.