Op der Pompel
95er Bensinn, Diesel a Masutt gi méi bëlleg

© Vincent Feuray / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
En Dënschdeg um Hallefnuecht ass et nees eng Präisbaisse beim Diesel a Masutt. Och de 95er Bensinn gëtt méi bëlleg.
De 95er Bensinn an den Diesel gi jeeweils ëm 1,8 Cent méi bëlleg a kaschten domat vun en Dënschdeg un 1,473, respektiv 1,412 Euro de Liter. De Masutt gëtt ëm 2,2 Cent méi bëlleg a wäert domadder 0,841 Euro de Liter kaschten.

Am meeschte gelies