Ferrari presentéiert Detailer zu hirem éischten Elektroauto "Elettrica"

© AFP
Den italieenesche Sportswonhiersteller Ferrari huet säin éischte vollelektresche Modell presentéiert, deen d'nächst Joer soll op de Maart kommen.
De Véierersëtzer "Elettrica" soll méi wéi 1.000 PS an eng Autonomie vu 530 Kilometer hunn, wéi et en Donneschdeg offiziell heescht. Fir sech den E-Ferrari kënnen ze leeschten, muss een awer den néidege Portmonni matbréngen. E riicht sech virun allem u méi eng räich Clientèle, déi "nëmmen elektresch Autoe fueren an d'Ferrari-Erliefnes wëllen hunn", sou de Firmechef Benedetto Vigna bei der Presentatioun e Mëttwoch den Owend am Wierk zu Maranello.
Ferrari betount, dass een awer net komplett op Elektroautoe wéilt ëmklammen. Beim "Elettrica" handelt et sech ëm eng "Ergänzung vun hirem Portfolio, net ëm eng Ëmstellung".
Den E-Ferrari huet déi gewinnten niddereg Sëtzpositioun, huet e grousse Motor un alle véier Rieder an de Chassis besteet aus recyceltem Aluminium.

© Ferrari

© Ferrari
Beschleunege kann den "Elettrica" dobäi vun 0 op 100 bannent 2,5 Sekonnen. Déi maximal Vitess läit bei 310 Stonnekilometer. Déi definitiv Versioun soll Ufank 2026 presentéiert ginn. Zum Kafpräis gouf allerdéngs nach näischt verroden.
Bal d'Hallschent vun sämtleche verkaafte Ferrarie sinn Hybrid-Modeller. Anescht wéi bei Porsche, Lamborghini, Lotus a Rimac huet Ferrari bis ewell nach kee komplett elektreschen Auto an hirer Offer gehat. Déi meescht technesch Innovatioune fir den neie E-Ferrari goufen intern entwéckelt, dorënner déi integréiert Batterie.