Granat aus dem Zweete Weltkrich ass zerstéiertD'Zuchstreck Kautebaach-Wolz ass nees op

RTL Lëtzebuerg
E Méindegmoien haten d'CFL an engem Schreiwes matgedeelt, dass den Zuchtrafic op der Linn Kautebaach-Wolz a béid Richtungen ënnerbrach ass.
© Envato Leungchopan

Dat, well op der Héicht vu Mäerkels eng Bomm aus dem Zweete Weltkrich fonnt gouf. D’Passagéier goufe gebieden, fir hiren Trajet op d’Linnebusser zeréckzegräifen.

Wéi RTL aus Police-Kreesser gewuer ginn ass, handelt et sech bei der Bomm eng sougenannte Sprenggranat vun der däitscher Arméi. Dës gouf op enger sécherer Plaz an der Géigend vun der Plaz, op där se fonnt gouf, zerstéiert.

Kuerz virun 12.30 Auer koum dann och Entwarnung vun den CFL. D’Streck ass nees op an d’Zich wäerten vun 14 Auer un no an no nees normal fueren.

Back to Top
CIM LOGO