D’Associatioun provëlo.lu dréckt dem Stater Schäfferot hiren Support aus fir déi néi Versioun vun der Vëlosbréck, déi am Gemengerot presentéiert gouf.

Enn dës Joers soll de Projet dann och zur Ofstëmmung kommen. Mat enger klenger Aktioun wëlle si op den Notzen hiweisen, deen d‘Bréck wäert bréngen.

Provëlo.lu / Reportage Diana Hoffmann

Schonn zanter 15 Joer gëtt iwwert d’Vëlosbréck geschwat, déi eemol soll de Cents an de Kierchbierg oder méi genau de Weimeschhaff verbannen. Op enger Héicht vu 50 Meter an enger Längt vun 220 Meter soll dës iwwert de Quartier Neiduerf féieren, deen och mat engem Lift un d’Bréck ugebonne soll ginn. Bis 2025 soll se dann fäerdeggestallt sinn.

„Mir sinn iwwerzeegt, datt dëst eng immens wichteg  Alldags-Vëlosverbindung ass, fir Leit, déi op de Kierchbierg schaffe kommen, respektiv fir déi Leit, déi di aner Säit um Cents sinn“, erkläert d’Monique Goldschmit Presidentin vun der provëlo.lu.

Ideal wier se och, well een um Kierchbierg direkt bei der Coque ass an op där aner Säit eben direkt am Wunnquartier. Am Zentrum vun Neiduerf soll dann och eng Spillplaz amenagéiert ginn, sou datt dësen doduerch och insgesamt géing opgewäert ginn. Doriwwer eraus géing d‘Passerell och eng wichteg Verbindung fir d’Leit aus Richtung Musel - Sandweiler, Conter a Randgemengen -  op de Kierchbierg ginn.

Kritike waren dacks, datt d’Plaz, also ongeféier tëschent dem Tennisclub um Fetschenhaff an der Rue des Bleuets um Weimeschhaff Héicht Coque, net gutt wier fir dëse Projet. De Schäfferot an d’Gemeng hätten dës awer analyséiert an och provëlo.lu géing se gutt fannen, sou  d’Presidentin. Hei hätt d’Gemeng och den Terrain, wat eng vun de wichtegste Saache wier.

RTL

Datt d’Platz perfekt wier, gesäit awer net jiddereen esou. Souwuel um Cents, wéi och zu Neiduerf schwätze sech d’Interesseveräiner géint de Bau vun der Bréck aus. „Déi Bréck kënnt ob enger Plaz hei, wou guer näischt ass“, seet de Roger Braun, President vum Syndicat d’intérêts Neiduerf. Am Neiduerf gëtt riets a lénks d’ganz Fauna a Flora futti gemaach,  fäert hien. Doriwwer eraus soll d’Bréck d’ganz Nuecht beliicht ginn. Dat géing Mënsch an Déier stéieren. „En plus, wat dann dobäi kënnt, ass dee Voyeurismus“, ënnersträicht de Roger Braun. Et wieren net déi Haiser, déi ënnert enger Bréck sinn, déi am meeschte betraff sinn, mee déi riets a lénks vun der Bréck. Si kriten hir Privatsphär domat geholl. Den Interesseveräin ass der Meenung, datt et zwar, reng technesch dee kierzte Wee ass, mee et wier awer net dee prakteschsten, well leider Gottes géinge keng Leit do wunnen. „Mir sinn hei net um Kierchbierg, mir sinn hei um Weimeschhaff.  An op der Centsersäit, wou komme mer do eraus? Am Niemandsland“, sou dem Roger Braun säi Constat.

RTL

D‘Presidentin vu provëlo.lu ass awer iwwerzeegt, dat dës Bréck vun 18 Milliounen Euro, genau wéi all déi aner Projete fir de Vëlo ze fërderen, wäert e Succès ginn. 2016 hat ee schonn eng 1.600 Ënnerschrëfte gesammelt, fir dat d’Bréck géing gebaut ginn. Och beim Pafendaller Lift hätt am Ufank jidderee gesot, dat wier net gutt. A lo géing e vun esou ville Leit ugeholl ginn. E weidert Beispill wier d’Vëlosbréck ënnert der neier Bréck. „Do, wou Vëlosinfrastruktur gebaut gëtt, kommen d’Vëlosfuerer“, ënnersträicht d’Monique Goldschmit.

Fir elo schonn op den Notzen hinzeweisen, deen dës Passerelle wäert de Vëlosfuerer bréngen, huet provëlo.lu 2 Schëlder opgehaangen, do wou d’Bréck wäert um Weimershaff fortgoen.  Dës weisen ënner anerem, wéi wäit et ass, fir vun do aus op den Cents ze fueren. Ouni Bréck 5,9 Kilometer, mat 1,2 a fir op Neiduerf 2,3 Kilometer am Moment a mat Bréck 0,8.

RTL