Stress am Stroosseverkéier
Wat Stau & Co. an eisem Kierper kënnen ausléisen a wéi ee beim Autofueren entspaant bleift.
Stau, aggressiv Fuermanöveren, éiweg rout Luuchten: et gëtt vill Situatiounen am Verkéier, iwwert déi ee sech opreege kann. Ma wat geschitt an eisem Kierper, wa mir esou rose ginn am Auto? A wéi kann een déi psychesch Reaktiounen erklären? Äntwerte kréie mir am Zitha Gesondheetszentrum, wou een op Preventivmedezin spezialiséiert ass. Ee vun de Voleten ass d’Stressbewältegung. Firwat de Bols grad am Auto esou séier an d'Luucht schéisst an een der Roserei och emol fräie Laf léisst, erkläert de Psychotherapeut Dr. Gilles Michaux esou:
"Am Auto ass een an enger spezieller Situatioun, well den Auto quasi wéi de private Beräich ass, quitt dass een e mat op d'Strooss hëlt. Am Verkéier kann et dann duerchaus zu Situatioune kommen, déi als aggressiv erlieft ginn, wann een ee vläicht mam Auto schneit oder no dru fiert. Do ass et da ganz natierlech, dass et zu Reaktioune kënnt, déi een an ee "Fight Modus" bréngen."
A Stress-Situatiounen, sief dat am Verkéier oder an anere Beräicher vum Liewen, gëtt ënnert anerem Cortisol am Kierper ausgeschott. Kuerzfristeg kann dëse Stresshormon eis Leeschtungsfäegkeet a Konzentratioun steigeren, esou den Dr. Marc Keipes, Endokrinolog an Direkter vum Gesondheetszentrum. Ma laangfristeg kann en erhéichte Cortisolwäert krank maachen: "Wann ee lo professionelle Chauffeur ass an et huet ee sou Wäerter iwwer 40 Stonnen d'Woch a 40 Joer, wou ee schafft, da kann dat schonn dozou féieren, dass den Immunsystem geschwächt gëtt an ee méi ufälleg gëtt fir Infektiouns- an aner Krankheeten."
Mee wéi kann een de Stress am Stau evitéieren? Den Dr. Michaux recommandéiert Methode mat deenen een entspanen a gläichzäiteg aktiv a konzentréiert fuere kann, wéi zum Beispill:
D'Zäit optimal notzen
"D'Leit gesinn de Stau dacks als verlueren Zäit an do kann et hëllefräich sinn, fir se sou konstruktiv ze notzen, wéi et deen Ament méiglech ass. Zum Beispill andeems ee Musek oder Podcaste lauschtert."
Aktiv Entspanungsmethoden
"Ganz effikass ass zum Beispill d'progressiv Relaxatioun, wou ee léiert sech unzespanen, awer och erëm aus der Uspanung eraus ze kommen. Dat ass eng Technik, déi een och am Stau zum Deel kéint maachen."
Meditatioun
"Et kann een och am Virfeld Meditatiounsübunge maachen. Vun der Meditatioun wësse mer, dass déi d'Konzentratioun an d'Opmierksamkeet fërdert. Déi kann engersäits am Verkéier hëllefen, dass ee méi entspaant ass, awer och méi konzentréiert bleift."
A wann een all Dag am Stau ënnerwee ass, wier et wichteg dat einfach z'acceptéieren.