Vum 4. bis den 9. Oktober presentéiert sech op der "Busworld Europe" dee weltwäit gréissten an eelste Bussecteur.

Dëst Evenement gëllt als de wichtegste Barometer fir den ëffentlechen Transport.

Och de lëtzebuergesche Veräin Retrobus huet dës wichteg Expo besicht. Wärend sech Retrobus fir d'Erhale vun historesche Bussen asetzt, war d'Visitt op der Busworld eng gutt Geleeënheet, fir de Bléck och emol an d'Zukunft ze riichten.

D'Membere vu Retrobus konnte sech en direkten Abléck an d'Entwécklung vun der moderner Technik verschafen. Eng spannend Bréck tëscht der Geschicht vum ëffentlechen Transport an der moderner Ära vun der Elektromobilitéit.