Fënnef Basis-Reegele fir manner Stau an Accidenter
Dir kennt et alleguer: Dir sëtzt am Auto a bemol ass Stau. Meeschtens wéinst engem Accident oder well verschiddener net bei der Saach sinn.
Als Automobilist a Chauffer muss ee sech bewosst sinn, dass ee fiert an op verschidde Saache muss oppassen, fir sech an anerer net a Gefor ze bréngen. Mee wéi kann een dësem entgéintwierken a wat kann een dozou bäidroen, fir dass et zu manner Stau a manner Accidenter kënnt?
Ëmmer nees gëtt sech beschwéiert iwwer d’Zoustänn op onse Stroossen, villes klappt net ewéi et soll.
D'Resultat: Accidenter a Stau an dëst praktesch all Dag. D’Ursaache si meeschtens Dommheeten, eng Sekonn net opgepasst a schonn ass et geschitt.
Mir sinn an d’Zentral vun der Circulation luusse gaangen. Do, wou alles bewaacht gëtt an och do, wou d’Luuchte gereegelt an agestallt ginn, fir dass de Verkéier rullt. Hannendru stécht quasi eng Wëssenschaft, déi op Statistiken, Zäit an och Observatioun entstanen ass. Villes, wat an der Theorie klappt an op Statistiken opgebaut ass, ass net ëmmer an d’Praktescht ëmzesetzen, well de Facteur Mënsch nach dobäi kënnt, an deen ass net ëmmer op Zack. D’Konsequenzen dono sinn ze verstoen: et staut an et geet net virun. Mee bei wiem läit de Feeler dann? Ofgesi vun der Vitess, Alkohol an dem Handy, déi d’Haaptursaache vun den Accidenter sinn, ass d’Zuel vun den net-déidlechen Accidenter dat lescht Joer an d’Luucht gaangen an dat op 1.144mol, wou et gerabbelt huet. Ma de Stau zum Beispill am Zentrum kënnt net duerch d’Luuchten, well déi zäitlech ëmmer un d’Situatioun ugepasst sinn.
Mir kucken eis d’Chauffere bei der rouder Luucht un. Wien hei behaapt, dass se op Zack sinn a fuere wann et gréng ass, dee litt. Dobäi fuere se all esou lues an et dauert éiweg bis se mat 50 fueren, dass et normal ass, dass et net viru geet an et reegelméisseg dann och zu Staue kënnt, an e Stau ass oft d’Ursaach vun engem Accident, respektiv den Accident vum Stau. An obwuel d’Zuel vun de Verkéiersdoudegen zeréckgaangen ass op onse Stroossen , sinn d’Kollisiounsaccidenter awer an d’Luucht gaangen. D’Haaptursaache sinn haut nach ewéi fréier an awer koum ee Grond dobäi vu sëllegen Accidenter, dee scho muncher engem d’Liewe kascht huet: den Handy.
An obwuel jiddereen dës Reegele kenne muss, wann en de Führerschäi wëll hunn, ginn déi wichtegst Reegelen awer am Laf vun der Zäit wuel verluer. An enger Fahrschoul kritt een all dëst awer bäibruecht an och do staunt de Fahrlehrer, wann de Schüler den Handy eraushëlt (jo och dat ass scho virkomm). Niewent deene bekannte Grënn sinn et awer och dacks d’Basisreegelen, déi net agehale ginn. Mir fueren zum Beispill op eng Autobunn erop op enger Beschleunegungsspuer a wéi d’Wuert et scho seet, misst een hei beschleunegen, ma méi ewéi 70 Kilometer an der Stonn kritt een hautzedaags net op den Tacho drop, ier d’Spuer ophält. Eng ganz geféierlech Situatioun, ëmmerhi kommen der mat 90 km/h vun hannen aus engem Tunnel geschoss. Wann déi net réckele kënnen, well d’Iwwerhuel Spuer besat ass, da gëtt et geféierlech, respektiv muss jiddereen da méi lues fueren. Wien och net seng Vitesse fiert , déi virgeschriwwe sinn, hält net nëmmen de Verkéier op, mee dréit och zu den Accidenter bäi. Vill Chaufferen, déi hannendru sinn, maachen dann aus Nervositéit oniwwerluechten Iwwerhuelmanöveren.
An esou logesch oder normal et och klengt, sinn de Winker, de Réck- an d’Säitespigele bei villen Autoe wuel eng Optioun. 10 bis 15 Prozent ginn zou, dëst reegelméisseg ze vergiessen, an nee, et huet näischt mat der Mark vum Auto ze dinn, all Auto huet Winkeren a Spigelen. Am Resumé sinn et fënnef Basisreegelen aus dem Code de la Route, déi, wann all Mënsch se géif ëmsetzen an anhalen, dozou bäidroe géifen, dass mer manner Stau a manner Accidenter hätten:
- De Winker benotzen
- Réck- a Säitespigele benotzen
- Bei der rouder Luucht direkt ufuere wann et gréng gëtt
- Op enger Beschleunegungsspuer och beschleunegen
- Déi Vitesse fueren, déi een och dierf
Leider sinn dës 5 Basis-Code-de-la-Route Reegele kee viralen Trend oder Hype op de soziale Medien, soss wäre se wuel bestëmmt scho laang ëmgesat ginn.