Zanter dem 27. September ginn et jo schonn Aschränkungen am Trafic am Beräich vun der Rouder Bréck. Ma och anerwäerts gëlle Restriktiounen.

RTL

Zanter dem 25. September um 22 Auer ass zum Beispill de Parking um Glacis komplett gespaart.

Vum 3. Oktober um 1 Auer bis de 6. Oktober um 1 Auer bleift de Parking Rond-point Schuman gespaart, mat Ausnam fir d'Leit, déi en Abonnement hunn.

Wann Dir gewinnt sidd, Iech mam ëffentlechen Transport ze deplacéieren, ginn et och eng Partie Ännerungen, dat zum Beispill op de Buslinnen 2, 3, 4, 6, 12, 16, 18, 19, 21, 30 an 31, grad ewéi CN1, CN4, CN5 an CN7. Den Detail dozou fannt Dir um Site vun der Stad Lëtzebuerg, respektiv heescht et sech iwwer www.mobiliteit.lu informéieren. Och beim Tram ginn et Upassungen.

Allgemeng ass et den Appell vun der Stad Lëtzebuerg,op d'P+R Parkingen zeréckzegräifen.

Iwwer Nuecht fiert och de City Night Bus. 8 verschidde Buslinne fueren duerch verschidde Quartieren, dat bis 3.30 Auer, an engem Ofstand vu 15 bis 30 Minutten.