Obwuel scho laang bekannt ass, datt den neie Groussherzog e Samschdeg op Wolz géif kommen, schaffen d'CFL op deem Weekend op der besoter Streck

Wéinst Bauaarbechte fuere vun e Samschdeg de Moien um 2 bis e Méindeg de Moien um 2 Auer keng Zich tëscht Kautebaach a Wolz. Wéi d'CFL matdeelen, géifen Ersatzbusser agesat ginn.

Kritik un dësen Aarbechte kënnt awer vu Wolz, wou eben um 4. Oktober den neie Groussherzog Statioun op senger Tour duerch d'Land mécht. Wéi et vun den Organisateuren zu Wolz heescht, wier ee vun den CFL eréischt e Samschdeg de Moien selwer iwwer dës Aarbechten informéiert ginn. D'Leit kéinten doduerch méi schwiereg op Wolz kommen an den Trajet mam Bus dauert däitlech méi laang, well eben och den direkte Wee iwwert d'Strooss tëscht Kautebaach a Wolz zou ass an de Bus en Ëmwee fuere muss.