Tendenz weist no uewen, ma et bleift awer nach vill Sputt
Am Virfeld vum éischte "Go electric day" hunn d'Klima-Agence an den ACL een Tëschebilan gezunn.
Wat huet et genee mat der Elektromobilitéit op sech a wéini mécht et Sënn, datt ech mer een Elektroauto kafen? Doriwwer soll de breede Public den 19.Oktober um éischte "Go electric day" informéiert ginn. Am Virfeld vun deem Event hunn d'Klima-Agence an den ACL e Freideg op enger Pressekonferenz iwwert déi aktuell Situatioun an d'Potenzial vun der Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg geschwat. Do ass de Constat, datt zwar ëmmer méi Leit elektresch fueren, mee awer nach vill Loft no uewen ass.
"D'Elektromobilitéit ass zu Lëtzebuerg ukomm", dat seet op d'mannst den Direkter vun der staatlecher Klima-Agence Fenn Faber. Dat géing ee schonn eleng dorunner gesinn, datt den Undeel vun de reng elektreschen Autoe bei den Neiumellunge vun 0,2 Prozent am Joer 2015 op 27,4 Prozent am Joer 2024 geklommen ass. Trotzdeem maachen Elektroautoen aktuell grad emol 8,3 Prozent vum ganze Fuerpark zu Lëtzebuerg aus. Dobäi wier d'Netz vun Elektrobornen am Verglach mam Ausland gutt ausgebaut.
"Mat ronn 3.000 Points de charge publiques am Land, also praktesch all Kilometer een. Änlech och bei de Fast Chargeren, do gesäit een och, datt innerhalb vu 5 Joer awer eng impressionant Entwécklung do ass. Haut kann ee soen, datt zu Lëtzebuerg am Fong jiddereen am Ëmkrees vun 10 Kilometer ee Fast Charger fënnt."
Bei enger Ëmfro vum ACL ënnert méi wéi 1.000 Leit hunn esouguer 38 Prozent uginn, ee rengen Elektroauto ze fueren. Vun deenen aneren 62 Prozent hunn 61 Prozent wëlles, respektiv kënne sech virstellen, een Elektroauto ze kafen. Et huet een dann och gefrot, wat d'Leit dovunner ofhält. De Frank Maas, Expert beim ACL.
"Do kënnt d'Autonomie op déi éischte Plaz. An dat hu mer e bëssi ënnerdeelt, do si 60 Prozent vun de Leit, déi nach net fueren, déi awer een Auto wëllen, deen op mannst 500 Kilometer Reechwäit huet, et sinn nach ëmmer 26 Prozent, déi 400 Kilometer uginn an 10 Prozent, déi sech mat 300 Kilometer géingen zefridde ginn."
Et géing sech awer och weisen, datt Automobilisten, déi schonn elektresch fueren, d'Autonomie manner als Nodeel gesinn. Op déi zweet Plaz ënnert de Virbehalter géint een Elektroauto kënnt mat 19 Prozent den héije Präis, dat virum Mangel u Borne mat 16 Prozent. Mat engem Mangel u Borne kéinten net nëmmen déi ëffentlech, mee och déi am private Raum gemengt sinn. A villen Appartementshaiser wieren nämlech keng Bornen, sief et well d'Membere vum Syndic sech net eens ginn, oder well déi technesch Viraussetzungen net esou einfach sinn.

© AFP
Ee wichtege Partner bei der Transitioun hin zu méi Elektromobilitéit wieren d'Gemengen. Déi meescht wieren och ganz engagéiert, géingen awer trotzdeem deels un hir Grenze stoussen, esou de Peter Recking vun der Klima-Agence.
"D'Volontéit fir eppes ëmzesetzen, ass, zumindest bei deene Gemengen, mat deene mir am enke Kontakt sinn, an dat si quasi déi meescht, well se all am Klimapakt dobäi sinn, wierklech do. Wat ee mierkt ass, datt d'Hürden éischter beim Knowhow leien. D'Gemenge sinn zum Deel relativ kleng, dat heescht et ass dann eng Persoun, déi sech mat ëmmer méi Sujete muss auserneesetzen an et ass normal, datt net jiddereen ee Profi an der Elektromobilitéit ass."
Dem Fenn Faber no wier dee gréisste Problem, datt d'Gemengen nach quasi keng Erfarung mam Ausschreiwe vu Konzessiounen hunn an dowéinst dacks zécken, well se näischt falsch maache wéilten. Hei géing een un enger Modell-Prozedur schaffen, un deem d'Gemenge sech dann orientéiere kënnen.
De "Go electric day" gëtt den 19. Oktober organiséiert, vun 11 Auer moies bis 5 Auer mëttes an der Coque. Méi wéi 30 Exposanten aus verschiddene Secteure si mat Stänn vertrueden a méi wéi 70 Elektroautoe ginn ausgestallt. Et kann een d'Gefierer testen, sech vun Experte berode loossen an et ginn Aktivitéite fir Kanner ugebueden. Den Entrée ass fräi.