De Carsharing soll hei am Land weider entwéckelt ginn. An deem Sënn hu sech d'Stad Lëtzebuerg an CFL Mobility SA zesummegedoen.

Fir de "Mobilitéitsplang vu muer" ëmzesetzen, huet een decidéiert, d'Carsharing-Offer nohalteg auszebauen. Vum 25. Dezember u soll aus dem Carsharing-Service Carloh, dee just vun der Stad Lëtzebuerg offréiert gëtt, progressiv an déi national Flex-Offer vun CFL Mobility S.A. integréiert ginn. Domat wëll een dës Offer an der Stad verbesseren a méi attraktiv fir d'Clientë maachen.

De ganzen Dezember iwwer funktionéiere béid Servicer nach parallel a vum 1. Januar 2026 u gëtt et da just nach de Service Flex. Alles an allem ginn et dann an der Stad Lëtzebuerg 27 Statioune mat 72 Gefierer, op déi ee kann zeréckgräifen.