Leidelenger Bierger soen Nee zu Tempo 30
D'Resultat vum Referendum e Sonndeg ass relativ knapp ausgefall, ma vill Awunner vun der Gemeng hunn hir Stëmm net ofginn.
Vill Duerchgangstrafic, Stau an deels genervten Awunner: Fir dem Chaos meeschter ze ginn, huet Leideleng e Sonndeg ofgestëmmt iwwer Mesuren zur Verkéiersberouegung an der Gemeng. D'Resultat war relativ knapps:
54,8 Prozent vun de Leit sinn um Enn dogéint, mat enger awer héijer Abstentioun. Grad emol 63,7 Prozent vun de Leidelenger hunn hir Stëmm ofginn.
D'Gemeng hat u sech eng eenheetlech 30er-Zon op den Haaptachse proposéiert, well se e Verkéiersproblem constatéiert: Zum Beispill hätt een an der Rue de la Gare um Schléiwenhaff bannent engem Mount 70.000 Gefierer pro Richtung gezielt, Richtung Riedgen respektiv Zéisseng. Ausserdeem wollt ee groussflächeg mat Verkéiersinselen, Temposchwellen a méi schmuele Stroosse géigesteieren.
Elo wäert dat net esou ëmgesat ginn, ma et soll trotzdeem eenzel isoléiert Mesurë ginn, et bleift awer bei Tempo 50. Trotz negativem Referendum ass och sécher, dass am Duerfkär e sougenannte Shared Space entsteet, mat enger Maximalvitess vun 20 Stonnekilometer a méi Plaz fir de Vëlo. Betraff ass hei en Deel vun der Zéissenger Strooss, westlech vun der Kräizung mat der Rue de la Gare, der Rue de Lavoir an der Rue d'Eich. Déi Aarbechte sollen am Fréijoer d'nächst Joer ugoen.
D'Gemeng hofft dann zousätzlech och op de séieren Tram, deen d'Situatioun vum Duerchgangstrafic entspane soll.
E Sujet iwwer de Referendum zu Leideleng kënnt Dir den Owend am Journal op der Tëlee gesinn.