Och dësen Donneschdeg ginn d'Kanner nees mat selwer-gebastelte Lampione vun Haus zu Haus.
An dësem Zesummenhang huet d'Sécurité Routière e Schreiwes mat Rotschléi fir d'Eltere vun de Kanner a fir d'Automobiliste publizéiert.
Esou sollt ee beim Liichtegoen ëmmer um Trottoir trëppelen, oppasse wann een iwwert d'Strooss geet an dat méiglechst nëmmen op gesécherte Plaze maachen. Ausserdeem sollten esouwuel d'Kanner ewéi och d'Elteren sech esou undoen, dass een si méiglechst gutt gesäit.
D'Automobiliste sollten en Donneschdeg besonnesch virsiichteg fueren. Wann een e Grupp vu Kanner um Bord vun enger Strooss gesäit, misst een zu all Ament prett sinn, fir ze bremsen.
Am meeschte gelies