
© Domingos Oliveira
Nodeems d'Zich zanter 15 Auer tëscht Mamer an Arel erëm fueren, normaliséiert sech den Zuchverkéier vu 17 Auer un nees tëscht Mamer an der Stad.
Wéinst engem Asaz vum CGDIS zu Bartreng waren op der Linn 50 tëscht der Stad a Klengbetten wärend e puer Stonne keng Zich méi gefuer. Eng Persoun war vum Zuch erfaasst ginn, wéi d'Secouriste mellen.
Zanter 15 Auer fueren den CFL no erëm Zich op der Streck tëscht Mamer an Arel, den Zuchtrafic tëscht der Stad a Mamer gëtt vu 17 Auer un nees schrëttweis opgeholl.
Fir weider Informatioune sinn d'Passagéier gebieden, sech um Internetsite vun den CFL z'informéieren.
Am meeschte gelies