Technesch Problemer bei den CFL tëscht Dummeldeng a Miersch

Zu Walfer op der Gare goufe Verspéidungen an Annulatiounen ugewisen. / © Patrick Greis
Wéi et op Nofro bei den CFL geheescht huet, wär de Problem wärend der Mëttesstonn geléist ginn.
Eng technesch Pann huet um Sonndeg de Moie fir Verspéidungen an Ausfäll vun den Zich tëscht Lëtzebuerger an Ettelbréck gesuergt. Et war e schlechten Ament fir esou en Tëschefall, well grad op Fuessonndeg vill Leit sech op de Wee op Dikrech maachen, fir bei der Kavalkad dobäi ze sinn.
D'CFL hat, wéi et op hire Tafelen annoncéiert gouf, Ersatzbusser tëscht Dummeldeng a Miersch agesat, déi och déi aner Arrêten ugefuer hunn.
Op eis Nofro géint 13.30 Auer huet et vun den CFL geheescht, datt de Problem geléist wier, an den Trafic nees géif opgeholl ginn. Et kéint awer nach punktuell zu Verspéidunge kommen.