Am Sonndesinterview vun dëser Woch hu mir mam Raphaël Frank vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d'autonoomt Fueren an d'Zukunft vun der Mobilitéit geschwat.

De Raphaël Frank huet sech vu Kand u fir d'Technologie interesséiert. Ma wéi et Zäit war, fir studéieren ze goen, war hie sech dunn op ee Mol net méi esou sécher. Op de Rot vu senger Schwëster hin, hat hie sech um Ufank fir e Studium an der Kommunikatiounswëssenschaft ageschriwwen. No engem Semester hat hien awer erkannt, dass dat näischt fir hie wier a sech doropshin um deemolegen IST fir en Ingenieursstudium an der Informatik ageschriwwen. Do hätt hien direkt gesinn, dass dat déi richteg Richtung fir hie wier. Nom Diplom als Ingenieur huet de Raphaël Frank dowéinst nach a Frankräich e Master an der Cryptograhie gemaach, éier hie fir säin Doktorat an der Informatik op d'Uni Lëtzebuerg komm war.

Computeren op Rieder

Wärend sengem Doktorat huet de Raphaël Frank sech dunn op "Verdeelte Systemer" spezialiséiert. Dat ass dee Beräich vun der Informatik, dee sech mat der Kommunikatioun tëscht verschidde Computeren, déi op ënnerschiddleche Plaze verdeelt sinn, beschäftegt. Een Domän, an deem verdeelte Systemer eng Roll spillen, ass dee vum autonome Fueren. Autonom Gefierer wieren eigentlech näischt anescht wéi Computeren op Rieder, déi sech matenee koordinéieren an dofir och matenee kommunizéiere mussen.

Wann d'Ried vun autonomem Fueren ass, begéint een dacks engem System vu 5 Stufen. Déi 5. Stuf ass déi vum komplett autonomem Fueren. An de Gefierer vun dësem Niveau fënnt een dacks mol net méi e Steierrad. Déi 4. Stuf ass déi vum héich-autonomem Fueren. Hei fiert den Auto an deene meeschte Fäll selwer.
An den Autoen, déi den Ament op de Stroossen ënnerwee sinn, fënnt een haaptsächlech Assistenzsystemer, déi de Chauffer beim Fueren ënnerstëtzen, mä d'Responsabilitéit bleif zu all Ament beim Fuerer. Ma dem Raphaël Frank no wäert d'Fueren an Zukunft ëmmer méi autonom ginn. Deemno misst de legale Kader esou ugepasst ginn, dass de Fuerer op verschiddene Plazen d'Hänn vum Steierrad loosse kéint an den Auto deen Ament d'Responsabilitéit iwwerhuele géif.

D'Fuerschung iwwer autonoomt Fueren zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg géif sech als klengt Land gutt eegnen, fir Technologien aus dem Beräich vum autonomem Fueren ze testen. Déi autonom Systemer sinn iwwerdeems ee vun de strategesche Piliere vum Centre de Recherche vun der Uni Lëtzebuerg. Wéi de Raphaël Frank erkläert, géif een hei zum Beispill doru schaffen, wéi een autonom Systemer besser ofséchere kéint an et gëtt un der Verbesserung vun de Sensoren, vun den autonome Gefierer gefuerscht.

Raphaël Fank: D'Fuerschung iwwer autonoomt Fueren zu Lëtzebuerg

Et wier awer net d'Zil vun der Universitéit, en autonomen Auto fir de Stroosseverkéier ze entwéckelen, sou de Raphaël Frank. Dat géif een de privaten Entreprisen iwwerloossen. Och wa Lëtzebuerg keng esou eng Firma huet, géife vill international Firmen hei an d'Land kommen, fir verschidden Tester duerchzeféieren. Rezent huet esouguer eng australesch Firma, déi zesumme mat der CFL en autonome Shuttle test, hiren europäesche Sëtz hei am Land installéiert. Den Ament ass d'Uni Lëtzebuerg dann och mat dëser Firma am Gespréich fir gemeinsame Fuerschungsprojet op d'Been ze stellen. Allgemeng géif d'Uni Lëtzebuerg eng vun hire Rollen dora gesinn, fir verschidden interessant Fuerschungsprojeten Partenariater mat esou Firmen anzegoen.

RTL

Wann et dann dorëms geet, autonom Gefierer op d'Strooss ze bréngen, wier et dem Raphäl Frank no wichteg, e legale Kader ze hunn. Dat géif verhënneren, dass Systemer, déi an iwwer 90 Prozent vun de Fäll gutt funktionéieren,  awer a verschiddene Situatiounen net richteg reagéiere géifen, op d'Strooss kommen. Wann an esou Fäll Leit zu Schued komme géifen, wier dat irresponsabel an e politescht falscht Signal. Deementspriechend wier et wichteg, dass et eng Prozedur géif, déi an deem Kontext sécher ass.

Raphaël Frank: E legale Kader fir dat autonoomt Fueren ass wichteg

Fir experimentell Tester gëtt et schonn eng kloer Prozedur, fir eng Demande ze maachen, fir en autonoomt Gefier op den ëffentleche Stroossen ze testen. Déi huet d'Uni Lëtzebuerg och agehalen, fir hire selwerfuerenden Auto op der Strooss ze testen.

D'Applikatioune vum autonomem Fueren an d'Auswierkungen op d'Mobilitéit

Wat d'Applikatioun vum autonomem Fuere betrëfft, géif dëst den Ament virun Allem am Beräich vun der "first" respektiv "last mile mobility" an den Asaz kommen. Konkret bedeit dat, dass déi éischt oder lescht puer Kilometer vun engem Trajet mat autonome Gefierer zeréckgeluecht ginn an d'Streck dotëscht nach ëmmer selwer gefuer gëtt. Ma och d'Assistenzsystemer an den Autoe wäerten ëmmer méi autonom ginn. De Raphaël Frank ass iwwerdeems der Meenung, dass sech déi individuell Mobilitéit laangfristeg gekuckt, zu enger "Mobility on Demand" entwéckele wäert, bei där net jiddereen en Auto bräicht. Mobilitéit géif sech ëmmer méi zu engem Service entwéckelen, bei deem een en autonomen Auto fir en Trajet bestellt, wann een e brauch.

Raphaël Frank: Mobilitéit als Service

Mat esou enger Mobilitéit op Ufro kéint ee vill erreechen. Virop kéint een d'Unzuel vun den Autoen op eise Stroossen extreem reduzéieren. Eng gutt Technologie géif fir e bessere Verkéiersfloss suergen. Ma fir dass et manner Probleemer am Trafic géife ginn, misst och d'Zuel vun de Gefierer op de Stroossen erofgoen. De Raphaël Frank geet dovun aus, dass dat bei der autonomer "Mobility on Demand" de Fall wäert sinn an, dass mer da manner Probleemer op de Stroosse wäerten hunn. D'Situatioun vum Trafic géif awer och vun der Entwécklung vun der Awunnerzuel, vun der Urbanisatioun a vun anere Facteuren ofhänken. D'Fro, wéi no d'Leit bei hirer Aarbecht wunnen a wéi staark den Teletravail ausgebaut gëtt, géifen hei och eng grouss Roll spillen.

E géif awer nach e bëssen daueren, bis d'Autoe vum selwen duerch d'Stroosse fueren. Virdru misst awer séchergestallt sinn, dass d'Autoen an alle Kontexter, sief et op der Autobunn, op der Landstrooss oder an den Uertschafte vëlleg autonom fuere kënnen. Um technesche Plang wier een hei scho relativ wäit, ma et bräicht och den néidege legale Kader a Firmen, déi esou Systemer zu engem Käschtepunkt, dee fir den Endkonsument interessant ass, ubidde kënnen. Schliisslech missten déi autonom Gefierer vun der Gesellschaft akzeptéiert ginn. Dat wäert dem Fuerscher no eréischt dann de Fall sinn wa se méi sécher wéi e mënschleche Chauffer sinn.

Och wann dat autonoomt Fueren enger Dages d'Reegel wäert sinn, wäert et dem Raphaël Frank senger Meenung no net esou sinn, dass da kee méi selwer mam Auto fiert. D'Fueren als Hobby wäert wuel erhale bleiwen. Dat wier awer eng aner Approche zu der Mobilitéit, wéi dem deegleche Besoin u Mobilitéit, déi een zum Beispill brauch fir op d'Aarbecht ze kommen. Hei géif déi autonom Mobilitéit ganz vill Sënn maachen.

Wéini fueren d'Autoe vum selwen?

Dass déi autonom Gefierer méi sécher wéi mënschlech Chauffere wieren, géif awer net bedeiten, dass se onfeelbar wieren. Et kéint nach ëmmer sinn, dass Leit bei Accidenter mat autonome Gefierer zu Schued kommen. Den Ament géif d'Gesellschaft sech mat esou Fäll nach ëmmer schwéier doen. De Raphaël Frank geet awer dovun aus, dass déi méi jonk Generatiounen, déi mat autonomer Technologie opgewuess sinn, ëmmer manner Skepsis géigeniwwer esou Gefierer wäerten hunn.

RTL

Bis wéini déi vollstänneg autonom "Mobility on Demand" op eise Stroossen zur Reegel gëtt, wier schwéier ze soen. Als Fuerscher géif de Raphaël Frank sech mam technologesche Volet vun dëser Fro auskennen. Ma ouni déi aner relevant Voleten, sief dat deen etheschen, dee legalen oder dee gesellschaftlechen ze kennen, kéint een dës Fro kaum definitiv beäntweren. Déi meescht Experten am Domän géifen dovun ausgoen, dass esou ee Service am Joer 2050 kéint operationell sinn.

Erausfuerderungen a Saachen autonomem Fueren

Ee Problem, deen et bis dohin um techneschen Niveau ze léise gëtt, ass dee vun de sougenannten "Edge Cases" also dee vun de Grenzfäll. Dat si Fäll, déi seele virkommen bei deenen et keng Patentléisung gëtt. D'Fro ass deemno, wéi déi autonom Systemer reagéiere sollen, wann se mat enger Situatioun, déi se net kennen, konfrontéiert ginn. Hei géif sech och d'Fro stellen, ob et an esou Situatioune mat enger reng technescher Léisung gedoe wier oder ob een de Mënsch rëm misst an de Loop eranhuelen. Déi aktuell Systemer géife bei iwwer 95 Prozent vun de Fäll gutt funktionéieren, ma dat déif awer net duergoen. Och een oder zwee Prozent vun de Fäll wier nach ëmmer eng héich Zuel. Éier een "d'Mobility on Demand" op grousser Échele uwende kéint, misst ee Léisunge fir déi Fäll fannen.

Raphaël Frank: D'Fuerschung un Edge Cases

An deem Zesummenhang gëtt op der Uni Lëtzebuerg och doru gefuerscht, wéi een de Mënsch nees an de Loop vum autonomem Fuere eranhuele kann. De Raphaël Frank geet och dovun aus, dass de Chauffer trotz autonomer Mobilitéit nach laang wäert mussen, zu all Ament d'Kontroll iwwert d'Gefier mussen iwwerhuele kënnen. Hei géif sech d'Fro stellen, wéi een de Chauffer méiglechst effikass an de Loop zeréckhuele kéint. dofir géifen et da verschidden Technologie ginn, fir ze kucken ob de Chauffer grad op d'Strooss kuckt, ofgelenkt oder mat enger anerer Aktivitéit beschäftegt ass. Den Ament géifen hei Etude lafen, fir ze kucken wéi laang e Mënsch, deen ofgelenkt ass, brauch, fir sech nees op eng Tâche ze konzentréieren a wéi ee verschidden Technologien asetze kann, fir de Fokus nees op d'Strooss ze lenken. Dat géif an den nächsten 20 Joer e ganz wichtege Sujet bleiwen.
Wann een da méi wäit an Zukunft geet, kéint et sinn, dass d'Stied esou designt sinn, dass nëmmen nach autonom Autoen an dësen ënnerwee wieren. Ma wa just nach autonom Gefierer op der Strooss wieren, géif dat d'Zuel vun den "Edge Cases" staark reduzéieren.

Eng Fro, déi och dacks am Zesummenhang mam autonome Fuere gestallt gëtt, ass déi vun der Energieversuergung. Dem Rapahël Frank no géif een dovunner ausgoen, dass alleguer déi autonom Autoen elektresch wäerte sinn. Dat géif et erlaben, d'Strategien fir ze lueden esou ze optiméieren, dass dës dem Elektrizitéitsnetz zergutt kommen, zum Beispill andeems d'Autoe geluede ginn, wann et e Surplus vu Stroum gëtt. Wann een dann nach dovunner ausgeet,dass alleguerten d'Haiser mat Solarzellen ausgerëscht ginn, géif dat et erlaben, déi individuell Autoen, mat deenen een nach selwer fuere muss, doheem ze lueden. Wann dann en eenzelt Haus e Surplus vu Produktioun huet, kéinten domadder och autonom Autoen opgeluede ginn. Fir genee ze wëssen, wéi dat alles konkret soll ëmgesat ginn, misst allerdéngs nach vill gefuerscht ginn. Et wier kloer, dass d'Elektromobilitéit e grousse Konsument vu Stroum wäert ginn. Dofir misst ee genee kucken, wéi d'Stroumnetz wäert belaascht ginn. An deem Kontext leeft den Ament e Fuerschungsprojet, bei deem eng digital Kopie - e sougenannten "digital twin" - vum Stroumnetz erstallt gëtt, fir esou verschidden Zenarioen ze testen. Esou kéint een zum Beispill kucken, wéi eng Auswierkung eng Hausse vun der Zuel vun den Elektroautoen an de Solarpanneauen huet. D'Informatiounen déi een esou kritt, kéinten erlaben d'Stroumnetz an d'Offere vun de Stroumproduzenten entspriechen unzepassen.

Fir Fortschrëtter an der autonomer Mobilitéit ze erzilen, misst dann och ëmmer weider gefuerscht ginn. Dofir bréicht et engersäits Suen. Ma och wa Lëtzebuerg nach eng jonk Fuerschungsnatioun wier, hätt een hei déi néideg Moyenen. Allerdéngs kéinte verschidde politesch Prozeduren nach verbessert ginn. Esou zum Beispill déi fir grenziwwergräifend Tester op deem gemeinsamen Testfeld tëscht Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland ze maachen. Et wier aktuell nach ëmmer schwiereg Tester ze maachen, déi iwwert d'Grenze vu Lëtzebuerg erausginn. Fir Tester ze maachen, bréicht een ausserdeem Zougrëff op verschiddenen Infrastrukturen, wéi zum Beispill op de Kommunikatiounsreseau. Hei wier et gutt, wann et méi einfach wier, déi entspriechend Test-Lizenzen unzefroen. Och d'Prozedur fir Zougang zum "Automotive Campus" zu Biissen ze kréie misst méi einfach ginn an de Contenu vum Campus misst ausgebaut ginn.

Et géing de Fuerscher nämlech vill bréngen, mat konkreter Infrastruktur ze schaffen an hir Tester an engem realisteschen Zenario kënnen ze maachen.