Wéi d'CFL matdeelen, wieren d'Securisatiounsaarbechten zu Bierden fir Ufank Mee fäerdeg, esou dass den 8. Mee d'Zuchstreck nees kéint opgoen.

Tëscht Ettelbréck a Kautebaach sinn déi lescht Woche keng Zich gefuer, well de Risk bestoung, dass Stécker vun der Fielswand zu Bierden eventuell kéinten eroffalen. Duerch de ville Reen war dës onstabil ginn. Eng spezialiséiert Entreprise gouf engagéiert, fir d'Fielswand ze securiséieren.

Doduerch dass keng Zich aus dem Süde bis op Kautebaach komm sinn, a well och vu Clierf erof aktuell keng Zich op Kautebaach kommen, wéinst der Problematik vum Tunnel Schieburg, konnten och keng Zich tëscht Kautebaach a Wolz fueren.

RTL

© CFL

D'Fixatiounsaarbechten zu Bierden sinn elo sou wäit virukomm, dass d'CFL den Datum vum 8. Mee genannt hunn, op deem den Trafic tëscht Ettelbréck a Kautebaach, respektiv Kautebaach a Wolz nees ka relancéiert ginn.

Bis dohi komme weiderhi Busser an den Asaz, fir den Transport tëscht de verschiddene Garen z'assuréieren.

RTL

© RTL Grafik