Wéi geléngt de Start an d'Saison?
Mam Cours "Fit for your Bike" kann ee sech a säi Moto nees prett fir de Summer maachen.
Ëmmer nees kënnt et zu déidlechen Accidenter mat Motorradsfuerer. 2022 hu sechs Motocyclisten hiert Liewe verluer. Mat enger grousser Campagne wëll d’Police déi Zuel erofdrécken. Pénktlech fir de Start vun der Saison ginn d'Motosfuerer an hir Gefierer verstäerkt kontrolléiert. Eleng bannent engem Mount sinn esou ronn 190 Infraktioune konstatéiert ginn - vun ze héijer Vitesse, iwwer geféierlecht Fuerverhale bis hin zu feelenden Dokumenter.
No der Wanterpaus an engem bis elo verreente Fréijoer ass dem Paul Fink säi Motorrad nees prett fir un d’frësch Loft ze kommen. Schonn zanter 31 Joer fiert hie Moto. Op d'Aarbecht, an d'Vakanz, als Hobby. Eng Passioun, déi hie mat senger Fra Claudine deelt. A fir de Start vun der Saison steet ee Rendez-vous zanter Jore fest am Kalenner: de "Fit for your Bike"-Cours am Centre de Formation pour Conducteurs zu Colmer-Bierg. Zanter 12 Joer ginn de Paul an d'Claudine dohin, fir – wéi den Numm et seet – fit ze si fir de Moto a sech nees u seng Maschinn ze winnen.

© Vidosava Kuzmic / RTL
Paul Fink: "No engem klengen Incident, dee meng Fra an ech haten d'lescht Joer am September, sinn ech frou, dass ech haut rëm beim "Fit for your Bike" ka matmaachen. Well dann ass awer eng kleng Verkrampfung do. A wann d'Wieder net sou top ass, oder d'Stroossen net sou top sinn, dann zéckt een e bëssen. Dann ass ee frou, dass d'Saison lo rëm ugeet an een deen Nomëtteg matmécht."
Slalom bei niddereger Vitesse, Bremsen, Parcoursen, ... déi verschiddenst Übunge stinn um Programm. "Mir maachen eng Remise en Form vun de Motarde fir déi nei Saison, fir déi Gesten, déi iwwert de Wanter vläicht vergiess gi sinn, oder net méi sou geüübt sinn, fir déi rëm ze üben an op déi essentiel Sécherheetsmoossnamen hinzeweisen", erkläert den Eric Mathias, Direkter vum Centre de Formation pour Conducteurs.
E séchere Start an d'Saison ass och bei der Police en Thema. Tëscht Bidscht an dem Heischtergronn, net wäit ewech vu beléifte Moto-Strecken, huet d'Police de 6. Mee eng grouss Motoskontroll organiséiert. D'Dokumenter, d'Ekipement, souwéi den techneschen Zoustand vum Moto stinn am Mëttelpunkt. An d'Beamten hu méi wéi genuch Aarbecht. 22 Verstéiss si bannent den zwou Stonne festgestallt ginn.

© Vidosava Kuzmic / RTL
André Schaack, Service national de circulation et de sécurité routières: "Et sinn eng Partie Leit, déi hale sech net un d’Reglementer. Déi verbauen och egal wat op hirem Moto – notamment Auspiff, déi ze haart ze sinn. An et sinn natierlech ganz genee déi, déi mir hei mat dëse Kontrolle viséieren. Et muss een och soen, déi grouss Majoritéit vun de Motarden, déi hale sech un d’Reglementer."
Mat esou Kontrolle géing d’Police versichen, zur "Vision Zero" bäizedroen: also 0 Accidenter mat Verkéiersdoudegen oder schwéier blesséierte Leit.