Enger Ëmfro no fille sech 76 Prozent vun den Däitschen duerch Verkéiers-Kaméidi belästegt. Zu Berlin soll elo e Blëtzer dogéint virgoen.

Mat deem Blëtzer wëll een de Kaméidi vum Verkéier erfaassen. Dëse gouf vum Berliner Senat an Zesummenaarbecht mat der Technescher Universitéit Berlin opgeriicht an ass deen éischte vu senger Zort an eisem Nopeschland.

Aktuell erfaasst d'Gerät, wat um Kurfürstendamm opgeriicht gouf, just d'Source vum Kaméidi, net awer d'Gesiicht vum Chauffer oder d'Date vum Besëtzer vum Gefier. Dës Date fléissen an de sougenannte "Lärmaktiounsplan 2024" eran, deen am Juli dat nächst Joer publizéiert soll ginn.

Wichteg bleift ze soen, datt een aktuell net bestrooft gëtt, wann den Auto, Camion, Motorrad oder soss ee Gefier Kaméidi mécht, deen iwwer 75 Dezibel erausgeet. Sollt de Kaméidi-Blëtzer sech awer als zouverlässeg erweisen, kéint sech dat nach änneren.

RTL

© Photo by SOEREN STACHE / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP