D'Fouer réckelt ëmmer méi no an deementspriechend fänken och d'Preparatiounen um Glacis dëse Weekend un

An der éischter Phas vun de Preparatioune gëtt vun e Samschdeg um 22 Auer un en éischte Deel vum Parking gespaart. Deen zweeten Deel wäert e Sonndeg de 6. August fir d'Autoen zougoen.

D'Avenue de la Faïencerie, tëscht der Allée Scheffer an dem Boulevard de la Foire, wäert fir den Trafic da vum 12. August bis de 14. September zou sinn. De Parking "Rond-point Schuman" ass vum 23. August um Mëtternuecht bis den 12. September um 1 Auer zou, ausser fir déi Leit, déi en Abonement hunn, heescht et am Schreiwes vun der VDL.