Cycliste krute mat engem Croissant Merci gesot
Eng Stonn an eng véierels huet d'Organisatioun ProVelo en Dënschdeg de Moie gebraucht, fir 250 Croissanten ze verdeelen.
Als Kaddo u Leit, déi fir op d‘Aarbecht op den Drotiesel klammen. Et ass eng Aktioun ganz am Ufank vun der Europäescher Mobilitéitswoch an der Stad awer och a sëllegen anere Gemengen.
D‘Stad Lëtzebuerg huet och d‘Aktioun "Kaddo fir e Vëlo" ënnerstëtzt. Fir de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt sinn déi vill Cyclisten, déi en Dënschdeg de Moien de Stand vu ProVelo passéiert hunn, de Beweis, dass d‘Mesuren, déi d‘Gemeng fir d‘Vëlosinfrastruktur geholl huet, hir Friichten droen.
Awer just zum Deel, äntwert d‘Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmit: Et wär nach vill Loft no uewen an dem Stater Schäfferot géif eng kloer Visioun fir d‘Mobilitéit an der Stad feelen. Et géif een intensiv op d‘Zil hischaffen, fir dass den Auto just nach manner ewéi d‘Hallschent vun der Mobilitéit an der Haaptstad duerstellt, erënnert de Patrick Goldschmidt.
Ëffentlechen Transport, Vëlo a Foussgänger sollen 51 Prozent ausmaachen. An den nächste Woche soll de Plang, dee vun de Stater Servicer an enger externer Beroderfirma erstallt gouf, presentéiert ginn.
D‘Associatioun ProVelo feiert dëst Joer hire 40. Anniversaire. En Donneschden den 18. September ass dofir eng Séance académique zu Esch.
Och de Weekend steet am Zeeche vum 40. Gebuertsdag vu ProVelo, mat guidéierte Vëlostouren e Samschden an engem grousse Fest am Zeeche vum Drotiesel bei der Gëlle Fra e Sonnden. En Evenement, dat ee bei ProVelo komplementär zu der Arrivée vum Tour de Luxembourg bei Glacis gesäit.