No enger Hausse Enn August, klëmmt de Präis vum 95er Bensinn elo nees, wann och méi liicht, wéi nach virun 3 Wochen.

E Mëttwoch um Hallefnuecht klëmmt de Präis vum 95er Bensinn ëm 1,3 Cent op dann 1,491 Euro de Liter. Beim Diesel a beim 98er bleift alles wéi virdrun.

RTL