D'Regierung wëll Pionéier am Beräich vun der intelligenter an innovativer Mobilitéit sinn. Elektresch an autonom Navette sollen en Deel vum Rezept sinn.

Zanter ongeféier engem Mount kënnen d'Leit zu Esch-Belval vun zwou gratis autonomen Navette profitéieren, déi vun den CFL bedriwwe ginn. Se sollen de sougenannte "leschte Kilometer" couvréieren, wann een zum Beispill vun der Gare aus nach op d‘Uni oder d‘Aarbecht muss goen. Dës Navette solle komplementar zu den anere Mobilitéits-Méiglechkeete gesi ginn. E Méindeg goufen d'Gefierer um Belval offiziell ageweit.

Autonom Navette vun den CFL / Chris Meisch

Entwéckelt goufen d‘Navette vum neiséilännesche Produzent „OHMIO“. E weltwäit aktiven Acteur, deen op autonom Gefierer spezialiséiert ass. D'Navetten hunn aacht Sëtzplazen an et muss, wéi per Gesetz virgesinn, e „Safety Driver“, also eng Sécherheetspersoun u Bord sinn, déi bei Noutfäll manuell iwwerhuele kann. Déi elektresch an autonom Gefierer fuere vu méindes bis freides a vu moies 9 bis mëttes 14 Auer ee Parcours vu 4 Kilometer. D‘Horairë kënnen un d‘Nofro vun de Clienten ugepasst ginn.

Den Transport mat der Navett ass gratis. Fir d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ass de Projet e wichtege Schrëtt a Richtung intelligent an innovativ Mobilitéit:

Mir wëssen och, dass mir eng Penurie vu Chaufferen hei zu Lëtzebuerg hunn. Ech weess, dass sech och vill Leit Suerge maachen an dat sinn och Saachen, wou ech mat de Gewerkschaften driwwer schwätzen, dass elo hei sämtlech Chaufferen hei iergendwann ofbestallt ginn, dass just nach alles autonom ass. Dat heite soll eng komplementar Offer sinn. De But ass hei net, fir sämtlech Buschaufferen ofzeschafen. Mir hunn effektiv eng Penurie, mir wëllen eis do och fir d‘Zukunft besser opstellen, an dat heite bréngt jo och nei Beruffer mat sech.“

Den Trajet iwwert de Belval ass plazeweis nawell komplizéiert, wéinst deels enke Stroossen oder Beem an Hecken. Laseren a Sensore maachen et méiglech, datt potenziell Obstakele kënnen erkannt ginn. Deemno wéi kéint eng Vollbremsung gemaach ginn, wa just eng Dauf virun der viischter Fënster laanschtflitt.

D'CFL ruffen iwwerdeems d‘Foussgänger, déi um Belval ënnerwee sinn, dozou op, wärend dem Passage vun den autonomen Navetten opzepassen an net kuerz virun de Gefierer iwwer d‘Strooss ze goen, fir onnéideg automatesch Noutbremsungen z‘evitéieren , déi fir Passagéier eventuell onangeneem kënne sinn. De Marc Wengler, Generaldirekter vun den CFL, ass der Meenung, dass an Zukunft déi autonom Mobilitéit ëmmer méi ee grousse Rôle wäert spillen.

„Mir gesinn do, dass Kënschtlech Intelligenz, dass do d‘Sensorik oder och d‘Vernetzung, dass do autonom Mobilitéit sech kann duerchaus an engem Angebot vum ëffentlechen Transport integréieren. Dat ass dat eent, an dat zweet ass eeben och eis Unternehmensstrategie, wou mir méi Plaz an der gesamter Mobilitéitsketten anhuelen.“

Wärend annerhallwem Joer ass bei all Wieder all méiglechen Zenario um Belval getest ginn.