Den Zuch op Bréissel soll endlech méi attraktiv ginn.

De grénge Vizepremier a Mobilitéitsminister Francois Bausch a säi belschen Homolog, de Georges Gilkinet, hunn eng Lettre d’intention ënnerschriwwen, sou d’Regierung per Communiqué. Zil wier et, bis 2030 an 2 Stonne vun der Gare hei an der Stad zu Bréissel ze sinn (am Moment brauch ee jo ronn 3 Stonnen mam Zuch, mam Auto ronn 2). Bis 2040 soll d’Zuel u Passagéier op där Streck verduebelt sinn, genee ewéi de Cargo.

Fir dat ze erreechen, sinn och Aktioune virgesinn: D’Infrastruktur soll weider ausgebaut a moderniséiert ginn, notamment tëscht Gembloux a Lëtzebuerg, mee och tëscht Bréissel an Ottignies. Fir den Invest géing een och bei der EU uklappen. Um Lëtzebuerger Territoire géing och gekuckt ginn, ewéi eng Barrièrespassagë kéinten ofgebaut ginn. Donieft géing e multimodalen Arrêt zu Hollerech entstoen: Doduerch géing een Zäit gewannen, well d’Passagéier dann net méi missten duerch d’Stater Gare goen, fir an d’Stad oder de Kierchbierg weiderzegoen.