De Sebastien Bonvicini ass Polizist an der Lorraine. Zanter puer Méint bitt hie Coursen un, fir sech um Motorrad ze perfektionéieren.

Dës Formatioun gëtt souwuel um franséischen, wéi och um lëtzebuergeschen Territoire organiséiert. Dofir schafft de Sébastien mat enger Farschoul vu Jonglënster zesummen.

Wéi verhalen ech mech mat menger Maschinn an enger Kéier? An op wat muss ech besonnesch gutt oppassen, wann et reent? D'Stroossen hei am Land bidde munch Iwwerraschungen, op déi ee speziell als Motocyclist muss oppassen

No deene puer Stonnen um Moto hu sech d'Chaufferen nach méi wuel gefillt wéi am Ufank. Et konnt ee sou munches bäiléieren a vill Motarden hunn elo nach méi Vertrauen an hiert Motorrad wéi virdrun.