Wärend ProVelo d'Drotiesele vu verschiddene Cyclisten op hir Hierscht-Tauglechkeet kontrolléiert huet, goung un d'Automobilisten en Appell eraus.

Den Ament ass et däischter, wann een an d'Bett geet, an och däischter, wann een nees opsteet. Dëst heescht da fir d'Cyclisten, datt si nach besser mussen oppassen, wa si um Vëlo ënnerwee sinn. Donieft mussen awer och d'Automobilisten hir Aen besser ophalen. An dem Kader organiséiert Provelo.lu zanter Joren eng Kontroll vun de Vëloen am Rond-point Schumann.

Mä wat ass da gesetzlech virgeschriwwen? Wat brauch een iwwerhaapt dem Code de la Route no um Vëlo? Mir waren an e Vëlosbuttek nofroen. Obligatoresch sinn: eng Luucht hannen an eng vir, e Réckstraler vir an hannen esou wéi och an de Speechelen an un de Pedallen, grad esou ewéi zwou Bremsen.

A genee dëst gouf och déi lescht Woch bei de Cyclisten um Rond-point Robert Schumann kontrolléiert. Jiddereen, dee säi Vëlo hei inspizéiere gelooss huet, ass iwwregens fräiwëlleg stoe bliwwen. D'Sécherheet bei deene Chaufferen ass wichteg. Jidderee wollt wëssen, ob alles richteg u sengem Gefier ubruecht gouf.

Do donieft krut een awer och Gadgete, fir d'Visibilitéit vun de Vëlosfuerer ze verbesseren. Ënner anerem zielt do e Gilet dozou. Wien awer net onbedéngt nach e Gilet iwwert seng Kleeder wëll undoen, fënnt hautdesdaags an der Moud genuch Kleedungsstécker, déi engem Hëllefen, fir méi visibel ze sinn, dat ënner anerem duerch Sträifen, déi reflektéieren.

ProVelo huet déi lescht Woch iwwer 100 Cyclisten kontrolléiert. Déi meescht vun hinnen, déi reegelméisseg mat hirem Drotiesel ënnerwee sinn, sinn och gutt equipéiert.

D'Campagne riicht sech awer net just un d'Cyclisten, mä genau esou och un d'Automobilisten. Dës wëll een drop opmierksam maachen, wéi wichteg et ass, datt ee sech géigesäiteg am Verkéier respektéiert.