Streike bei der Bunn och iwwer d'Chrëschtdeeg méiglech

© FEDERICO GAMBARINI DPAdpa Picture-Alliance via AFP
De Virsëtzende vun der Gewerkschaft vun den däitsche Maschiniste (GDL) schléisst weider Streike bei der "Deutsche Bahn" net aus.
Wéi de Claus Weselsky en Donneschdeg op enger Manifestatioun vum "Deutschen Beamtenbund", deen och un den Negociatioune mat der "Deutsche Bahn" bedeelegt ass, sot géif hien och net ausschléissen, dass iwwer d'Chrëschtzäit gestreikt gëtt. E sougenannte "Chrëschtdagsfridden" wéi e vum däitsche Verkéiersminister Wissing propséiert gouf, leent de Weselsky of.
D'Haaptfuerderung vun der GDL ass, dass d'Maschinisten, déi bei der "Deutsche Bahn" Schichte schaffen, dat nëmmen nach 35 Stonnen an der Woch maachen, dofir awer weiderhi voll bezuelt solle ginn. Iwwerdeems fuerdert d'Gewerkschaft eng Hausse vun de Léin vun op d'mannst 555 € de Mount an eng Hausse vun de Primme fir d'Schichtaarbecht. Ausserdeem soll et e steierfräien Inflatiounsausgläich vun eemoleg 3.000 € ginn.