Vum Weekend un
Nei Phas vum Chantier um Echangeur Steebrécken op der A4 gëtt lancéiert
Den 18. an 19. November wäert op der Escher Autobunn um Chantier bei der Bréck zu Steebrécken weider geschafft ginn.
Dat Ganzt am Kader vum Reamenagement vum Echangeur Steebrécken. Déi éischt Phas vun dësem Chantier dauert bis d'Fréijoer 2026. An där Zäit gi béid Fuerbunn a Richtung Stad méi enk gemaach an d'Vitess gëtt op dëser Plaz op 70 Kilometer an der Stonn reduzéiert.
Betraff vun dësem Chantier ass och d'Rue de l'Europe, vun der Sortie Steebrécken an Direktioun Féiz. Hei gëtt d'Vitess op 50 km/h erofgesat.
Am meeschte gelies