Op Paräisser Périphérique-Autobunn soll geschwë Vitess-Limitt vu 50 km/h gëllen

© FREDERIC SCHEIBER Hans LucasHans Lucas via AFP
Op der Paräisser Périphérique soll deemnächst just nach mat Tempo 50 gefuer dierfe ginn. Den Ament läit d'Héchstgeschwindegkeet nach bei 70 km/h.
D'Vitess-Reduzéierung op der Autobunn, déi op ronn 35 Kilometer laanscht déi franséisch Haaptstad féiert, ass Deel vum Klimaschutzplang, deen d'Stad Paräis e Mëttwoch presentéiert huet. Duerch déi nei Mesure soll d'Loftverschmotzung duerch Autoen an der Stad vun der Léift drastesch reduzéiert ginn.
Déi nei Vitesslimitt soll allerdéngs eréischt no den Olympesche Spiller gëllen, warscheinlech vu September 2024 un. Eng Fuerbunn op der Périphérique soll iwwerdeems fir Busser, Taxien, an Car-Sharing reservéiert ginn.
Déi Paräisser Ring-Autobunn ass mat ronn 1,5 Milliounen Autoen den Dag eng vun den am meeschte befuerene Stroossen a ganz Europa. Well den Trafic do och elo schonn dacks just lues virugeet, wier déi duerchschnëttlech Geschwindegkeet hei och den Ament scho bei ronn 50 km/h, am Beruffsverkéier souguer just bei tëscht 35 a 40 km/h.
De Klimaschutzplang vun der Stad Paräis gesäit ausserdeem vir, datt eng 60.000 Parkplazen um Stadgebitt ofgeschaaft ginn an als Gréngflächen ëmgewandelt ginn. Och Touristebusser sollen aus dem Stadkär verschwannen. Op där anerer Säit sollen 180 Kilometer nei Vëlosweeër entsoen, genee wéi eng 130.000 nei Stellplaze fir de Vëlo.