EU-Verkéiersministere si sech eens
Méi séier Bestrofung, wann ee sech am Ausland net un de Code de la Route hält

Wann een als EU-Bierger am EU-Ausland mam Auto ënnerwee ass, a sech net un de lokale Code de la route hält, solle Strofe méi einfach a méi séier kommen.
Doriwwer si sech e Méindeg d’EU-Verkéiersministeren zu Bréissel eens ginn. Et géif drëms goen, d’Sécherheet am Trafic ze stäerken.
Viséiert sinn deemno virun allem Alkohol an Drogen um Steier, d’Vitess a geféierlech Iwwerhuel-Manöver. Der EU-Kommissioun no bloufen am Joer 2019 ronn 40 Prozent vun den Delikter am EU-Ausland onbestrooft.
Am meeschte gelies