Matten an der Adventszäit huet d'Lokomotivfürer-Gewerkschaft GDL scho rëm zum Streik opgeruff. Vun en Donneschdeg u soll de Gros vun den Zich ausfalen.

Eréischt Ufank November haten d'Tarifverhandlungen tëscht der GDL an der Deutsche Bahn ugefaangen. Eigentlech waren och fir en Dënschdeg a Mëttwoch souwéi fir d'nächst Woch Gespréicher geplangt, virun annerhallwer Woch hat de Syndikat d'Verhandlungen awer fir gescheitert erkläert.

Dës Woch huet d'GDL dofir alleguer d'Mataarbechter aus dem "Fern-" a Regionalverkéier, grad ewéi déi vun den "S-Bahnen" zu Berlin an Hamburg, zu engem "leschte" Streik fir dëst Joer opgeruff. Vun en Donneschdeg den Owend 22 Auer u bis e Freideg den Owend wäert deemno d'Aarbecht néiergeluecht ginn.

De Streik an Däitschland huet och Auswierkungen op den Zuchverkéier zu Lëtzebuerg. Wéi et vun den CFL heescht, wäert vun en Donneschdeg 22 Auer u bis e Freideg ëm 22 Auer keen Zuch déi däitsch-lëtzebuergesch Grenz iwwerschreiden. Dëst betrëfft also d'Linn 30 (Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier).

Dës Weidere wäerten och eng Rei Zich tëscht der Haaptstad a Waasserbëlleg ausfalen. D'CFL schwätzen vu just zwee vun dräi Zich d'Stonn, déi an där Zäit bis op Waasserbëlleg wäerte fueren. Wéi d'Zich fueren, fannt Dir op www.cfl.lu.
Déi Däitsch Bunn nennt de Streik "irresponsabel an egoistesch". Milliounen onbedeelegt Leit géifen den 2. Adventsweekend verhonzt kréien. D'Gewerkschaft wëll mam Streik ënnert anerem Drock hisiichtlech de Fuerderung no enger Aarbechtszäitverkierzung fir d'Aarbechter, déi a Schichte schaffen, maachen.

Wéi d'Zich fueren, fannt Dir op www.cfl.lu.