Wärend der Pandemie hu sech d‘Käschte, fir d'Busser vun den CFL ze botzen, vu ronn 54.000 op 173.000 Euro méi wéi verdräifacht.

Bei den Zich war d‘Hausse net grad esou extreem. Dat huet virun der Pandemie ronn 4 Milliounen Euro d‘Joer kascht. 2020 an 21 waren et dunn eng hallef Millioun méi. Grond fir dës Hausse war, dass méi Desinfektiounsproduite benotzt goufen. Dat schreift d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

Bei den CFL ginn d‘Busser am Prinzip all 14 Deeg gestaubsaugt an all 6 Méint am Fong propper gemaach. An den Zich ginn d‘Sëtzer 1 bis 2 Mol bannent 14 Deeg gestaubsaugt an alles, wat d‘Leit upaken, esou dacks wéi méiglech gebotzt, wann d‘Zich an der Stater Gare stinn.