Fir beim Ausbau vum Reseau vun Elektrobornen eng Leaderpositioun anzehuelen, kënnt et zu enger Joint Venture tëscht Losch Lëtzebuerg a Socom.

E Freideg den Owend hate Losch Lëtzebuerg a Socom op d'Cloche d'Or invitéiert, fir en neie Projet virzestellen. Et war iwwerschriwwen als "SWIO Launch Event".

SWIO ass en Ubidder vun Elektrobornen, dee schonn zanter 2019 um Marché ass, dat gegrënnt vu Losch Lëtzebuerg. Wann een d'Invitatioun sou gelies huet, konnt ee mengen, et géif am Fong just ugekënnegt ginn, dass een elo mat Socom géif um Ausbau vun deem Reseau zesummeschaffen. Ma de Projet stellt sech dann dach méi grouss duer.

Dat konnt ee scho feststellen, wéi no an no ëmmer méi Politprominenz opgedaucht ass. Nieft dem Inneminister Léon Gloden huet sech och nach de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles afonnt, grad ewéi de fréiere Wirtschafts- an Transportminister Henri Grethen.

Den Thierry Beffort, CEO vu Losch Lëtzebuerg an de Marc Thein, CEO vu Socom hunn d'Wichtegkeet vun der Energietransitioun, an deemno och der Decarboniséierung vun der Mobilitéit am Grand-Duché ervirgehuewen. Fir heibäi eng wichteg Roll ze spillen, hu sech béid Firmen an enger sougenannter Joint Venture zesummegedoen an d'Ambitioune sinn net kleng. Et wëll een net just Elektrobornen installéieren ... et wëll een de ganze Package ubidden. Vun der Berodung am Virfeld, iwwert d'Materialbeschafung, d'Installatioun, de Service après-Vente bis hin zu der Maintenance an der Reparatur. Dozou gehéieren dann och e performante Backend fir d'Iwwerwaachung vu Consommatioun a Facturatioun zum Beispill.

RTL

© nollmeyer media

Elo schonn huet SWIO ënnert anerem déi stäerkste Borne am Land, dat mat 400kw. Eng normal kleng Borne huet am Verglach 22kw. Ma si hunn am Joer 2022 och déi éischt Borne mat engem Batteriesystem a Betrib geholl, déi 140 bis 180kw liwwere kann. Hei kann den internen Akku zum Beispill geluede ginn, wann d'Netz grad net ausgelaascht ass, respektiv wa Stroum vu Wand oder Sonnenenergie disponibel ass.

Socom fir hiren Deel si Leader um Lëtzebuerger Marché, wann et ëm grouss elektresch Installatioune geet. Sou hu se z.B. beim Projet Luxtram d'Installatioun vun den elektresche Leitunge gemaach, Beliichtung a Signalisatiounen, oder nach d'Beliichtung an d'Ventilatioun vum Tunnel Grouft. Aner Projete goufen um Fluchhafen, bei Amazon, der Cour de Justice oder am Centre de Tri vun der Post ëmgesat, fir just déi ze nennen.

Ma och bei Socom huet een de Bléck fir d'Zukunft, an esou leeft zanter Oktober d'Produktioun vu Solarpannoe "Made in Luxembourg", dat ënnert dem Numm Solarcells.

RTL

© nollmeyer media

Zanter e puer Joer installéiert een och schonn Elektroborne bei Privatclienten, ma duerch d'Zesummenaarbecht mat Losch, respektiv mat SWIO, wëll ee elo méi grouss gesinn. Et wëll een als Investor dozou bäidroen, dass grouss Projete kënnen ëmgesat ginn, sief dat z.B. a Gemengen oder bei parastaatlechen Institutiounen.

De Reseau vun accessibelen Elektrobornen soll esou der grousser Nofro entspriechend méi séier kënnen ausgebaut ginn, ouni dass z.B. wichteg Zäit bei Soumissioune verluer geet. De Marc Thein huet dann och däitlech gemaach, dass ee bannent engem kuerzen Zäitraum wëll d'Nummer 2 um Lëtzebuerger Marché ginn, ma laangfristeg d'Nummer 1.

RTL

© nollmeyer media

De Lex Delles huet dann och ervirgehuewen, wéi wichteg et ass, dass de Privatsecteur mat beim Ausbau vum Reseau agräift. Aktuell wiere 7.49% vum Fuerpark am Land Elektresch, respektiv Hybridgefierer. De PNEC (Plan national intégré en matière d'énergie et de climat) gesäit vir, dass bis 2030 dee Chiffer op 49% soll klammen, wat e ganz ambitiéise Projet ass, wéi den Energieminister selwer zouginn huet. Et ginn also ëmmer méi Elektroautoen op eise Stroossen, an deementspriechend muss och de Reseau vu Luetstatioune mat wuessen.