Souwuel de 95er wéi och den 98er Bensinn gi vun Hallefnuecht u méi bëlleg. Dat selwecht gëllt fir de 50ppm-Masutt.

Fir e Liter 95er muss ee vun e Samschdeg un 1,461 Euro bezuelen. Dat ass e Minus vun 3,6 Cent. Méi bëlleg war de Liter 95er fir d'lescht den 21. Dezember 2022, mat deemools 1,454 Euro de Liter.

Beim 98er ass et eng Baisse vun 3,9 Cent op dann 1,675 Euro pro Liter. Méi bëlleg war e fir d'lescht de 16. Dezember 2022, mat deem Ament 1,644 Euro.

Fir e Liter Masutt (50ppm) geet et erof op 0,943 Euro (-3,7 Cent).

RTL