Wat ass lass op der Escher Autobunn?

Den Automobilisten, déi d'A4 reegelméisseg huelen, ass opgefall, datt et op der Bréck hannert dem Echangeur Steebrécken zanter Joren e Chantier gëtt.
Aktuell handelt et sech dobäi ëm e Chantier vun der Division des travaux neufs vu Ponts et Chaussées, dat am Kader vum Finanzéierungsgesetz vum 9. September 2021 fir de Reamenagement vum Echangeur Steebrécken.
D'Ponts et Chaussées schreiwen an hirem Communiqué vun der éischter Phas vum Chantier. Automobilisten, déi an de leschte Joren awer reegelméisseg oder och onreegelméisseg iwwert dës Streck vun der Escher Autobunn gefuer sinn, stelle sech ganz zu Recht d'Fro: "Wéi, éischt Phas?" An effektiv ass dat weder e Schreiffeeler vun RTL oder och vu Ponts et Chaussées, mä effektiv gëtt duerch dat neit Finanzéierungsgesetz och eng nei éischt Phas lancéiert.
2021 war awer net dat éischt Gesetz
De viregte Chantier, deen den Echangeur Steebrécken nei amenagéiere sollt, geet op e Projet de loi vum 8. Juni 1999 zeréck a gouf am Joer 2008 lancéiert. Geplangt war e kompletten Ëmbau mat neien Op- an Offaarten. Ëmmerhin zielt dësen Echangeur zu engem vun den eelsten am Lëtzebuerger Autobunnsreseau an dësen, esou d'Argumentatioun aus dem Joer 1999, misst den aktuelle Besoinen ugepasst ginn. Schonn deemools war de Plang, de Wunnquartier zu Steebrécken z'entlaaschten, deen d'Automobilisten och nach haut mussen notzen, fir op dëser Plaz op d'A4 a Richtung Stad ze kommen.
2008 gouf wéi gesot mat den Aarbechten ugefaangen an an der éischter Phas gouf déi al Tankstell deplacéiert. Ma déi Phasen dono vum Chantier goufen ëmmer nees ugepasst, dat wéinst anere Besoinen um Terrain oder well ënner anerem eng Busspuer sollt bäigesat ginn, déi awer nees, nach éiert se iwwerhaapt konnt gebaut ginn, fale gelooss gouf, an duerch eng Standspuer ersat sollt ginn, déi awer breet genuch ass, datt se zu Spëtzenzäite fir de Covoiturage an den ëffentlechen Transport kéint genotzt ginn. Dës Iddi gouf dann nach méi spéit weider ausgebaut fir den Notze vum sougenannte "Séieren Tram".
Dës ëmmer nei Upassungen an och aner net previsibel Situatiounen um Terrain selwer hunn dozou gefouert, datt wéineg Offensichtleches um Terrain geschitt ass an de Budget fir d'Aarbechten ëmmer méi grouss ginn ass. Iwwertrëfft dëse Budget dann déi ominéis 40 Milliounen Euro, geet et net méi duer, dëst als "Projet" ze deklaréieren, mä d'Chamber muss en neit Finanzéierungsgesetz stëmmen, fir datt d'Aarbechte kënne weiderlafen.
Déi nei Phas ass agelaut
Zil vun den nächste Jore vun dësem Chantier ass et, fir d'Autobunn op der Héicht vu Steebrécken op béide Plazen auszebauen, esou datt een zwou Spueren an all Richtung huet, plus eng Standspuer, déi och fir de Covoiturage oder den ëffentlechen Transport ka genotzt ginn. Och ginn d'Op- an d'Offaarte vun der A4 um Echangeur Steebrécken ugepasst, esou datt déi bis ewell provisoresch Opfaart bei der neier Texaco-Tankstell wäert ersat ginn. Weider gëtt un enger Mauer fir de "Colouir Multimodal" geschafft, hei schwätzt een och vun der "Tram Mauer", déi awer net den Haaptpunkt vun dësem Chantier ass.
Aarbechte ginn et dann och op der N13 um Terrain vu Wickreng a Steebrécken an der Europastrooss zu Steebrécken, also ronderëm an ënnert der Autobunnsbréck. Hei nämlech soll, änlech wéi dat schonn tëscht Diddeleng a Beetebuerg ënnert der A13 de Fall ass, e groussen ovale Rond-point mat neien Op- an Offaarten entstoen.
Dës Aarbechte si geplangt, fir am Februar 2026 fäerdeg ze ginn.
E Projet, fir dem aktuellen Trafic gerecht ze ginn: Eng "Never Ending Story"?
E Gesetz, dat 1999 gestëmmt gouf. Aarbechten, vun deenen déi éischt Phas 2008 ugefaangen huet a wou zanter Jore fir d'Utilisateuren net ersiichtlech Vitesslimitatioune bestinn an dobäi déi eng oder aner Leit och déi eng oder aner Kéier geblëtzt goufen. Eng nei éischt Phas, déi 2023 lancéiert gouf... Jo, do ka sech all Automobilist seng Froen dozou stellen. Mä e klenge Liichtbléck bleift: Februar 2026 sollen d'Aarbechten hei ofgeschloss sinn, also emol déi vun der neier éischter Phas.