D‘CO2-Steier gëtt wéi geplangt op den 1. Januar 2024 no uewen ugepasst

Erofgebrach mécht dat op der Pompel 1-2 Cent de Liter Bensinn oder Diesel aus, wéi de Finanzminister Gilles Roth am Parlament erkläert huet.
De Gesetzprojet krut an der Chamber och gréng Luucht. Dat mat 50 Jo-Stëmmen vun der Majoritéit, der LSAP an deene Gréngen. D‘ADR an déi Lénk hunn dogéint gestëmmt. D‘Piraten hu sech enthalen. CSV an DP wëllen de Plang vun der viregter Regierung jo respektéieren an déi Steier bis 2026 op 45 Euro d‘Tonn CO2 hiewen.
Als sozial Kompensatioun zu der Erhéijung geet gläichzäiteg awer och de Steierkredit den 1. Januar an d‘Luucht. An zwar ëm maximal 24 Euro vun 144 op 168 Euro.
Bei Joresgehälter bis 40.000 Euro kritt een d‘168 Euro ganz. De Steierkredit geet degressiv erof bis e Salaire vun 80.000 Euro.
Et goufen dräi Motiounen zu dësem Text deposéiert, déi allen dräi ofgeleent goufen.
D‘LSAP hat gefrot, dass dësen CO2-Steierkreditt reegelméisseg reevaluéiert gëtt. D‘Regierung misst och oppeleeën, wéi de Staat d‘Recettë vun der CO2-Steier gebraucht. Geplangt war, dass domat Mesure géint de Klimawandel a sozial Mesuren bezuelt ginn.
D‘ADR huet amplaz vun der CO2-Steier, d‘Upassung vun enger Kilometerpauschal gefuerdert, déi virop Persounen ze gutt kéim, déi wäit vun hirer Aarbechtsplaz fort wunne géifen.
An d‘Pirate wollte mat hirer Motioun erreechen, dass och d‘Barèmen vun deem Steierkredit un den Index ugepasst géife ginn.